Monthly Archives: février 2019

Badminton Masters

De 16. a 17. Mäerz 2019 organiséiert de Fiederball 1981 Schëffleng e Badminton Masters fir all lizenzéierte Spiller

aus de Kategorien A;B;C; an D.

Dësen Tournoi gëtt gespillt am Centre Sportif, 12, rue du Parc L-3872 Schëffleng
Ufank ass samschdes um 13:00 Auer bis 19:00 Auer a sonndes vun 10:00 Auer bis 18.00 Auer
Déi 2 Deeg ass fir Iessen an Drénke gesuergt.

    

Audition Conservatoire Esch

De Comité vum Télévie invitéiert all Bierger ganz häerzlech op d’Auditioun vun de Schüler aus dem Conservatoire vun Esch/Uelzecht en Donneschden, de 7. Mäerz um 18:00 Auer am Sall Grand-Duc Jean vun der Schëfflenger Gemeng.

Kommt laanscht a lauschtert déi jonk Talenter, déi hei optrieden.

Campagne de sensibilisation

Pour carnaval aussi RAOUL – celui qui conduit ne boit pas!

JuKoWo

D’Gemeng Déifferdeng an Zesummenaarbecht mat der Jugendkommissioun an dem Jugendtreff Déifferdeng organiséiere vum 11.-19. Mee 2019 déi 17. Editioun vun der Expo « Jugendkonschtwoch » am 1535 Creative Hub zu Déifferdeng.

FLYER JUKOWO

Si sichen nach jonk Exposanten, déi wëlle matmaachen. D’Aschreiwung geet bis de 17. Mäerz

Demande d’inscription

Changement horaire Luxembourg-Bettembourg

Veuillez noter les changements suivants concernant les horaires des trains et des bus à l’occasion de la fermeture du tronçon de la ligne Luxembourg – Bettembourg les dimanches 24.02., 03.03., 17.03. et le week-end du 09.03. – 10.03.

Livret L90

Livret

Affiche

Soirée d‘info – protection de l’eau

L’Administration communale de la ville d’Esch-sur-Alzette vous informe que dans le cadre de la création des zones de protection de captages d’eau potable, le Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable ainsi que l’Administration de la gestion de l’eau vous invitent à une soirée d’information sur les futurs règlements grand-ducaux portant création des zones de protection des captages d’eau destinée à la consommation humaine:

Le Mardi 26 février à 19:00 dans la « Salle des séances » de l’Hôtel de Ville

INVITATION

LASEP: Semaine de la Solidarité

D’Schëfflenger Sektioun vun der LASEP organiséiert wärend der Woch vum 25.03.2019 bis den 29.03.2019 d’Semaine de la Solidarité pour le Télévie.

D’Kanner kënnen déi Woch an hire Sektiounen en « Don » fir den Télévie maachen.

Matdeelung un d’Bierger

Am Kader vum Projet « Modernisation du Bassin d’Eau Weimeschköppchen » ginn am Laf vun dëser Woch Beem an der Enceinte vum Baseng ewechgeholl. Passt w.e.g. op, wann Dir do an der Géigend ënnerwee sidd. 

Merci fir d’Versteesdemech!

Avis un d’Awunner / Avis aux habitants

Dir Dammen an Dir Hären,

Mir informéieren Iech mat dësem Schreiwes, datt am Kader vum Chantier vun eiser Vëlospiste, d’ Firma  Guy Gardula eng Bréck op der Héicht vun der Eisebunnsbréck an der Kanalstrooss setze wäert an dat vun Mëttwochs den 20. Februar bis Donneschdes den 21. Februar tëschent 07.00 Auer an 17.00 Auer.

D’ Déviatiounen fir d’ Foussgänger an de Verkéier ginn beschëldert.

fir d’Bild ze vergréisseren 2x drop klicken

Fir all weider Renseignementer, zéckt nët eisen Service des Tavaux Neufs et des Infrastructures unzeruffen (Här Skrijelj Tél. : 54 50 61-409).

Mir zielen op Äert Versteesdemech.

De Schäfferot

Paul Weimerskirch, Buergermeeschter

Albert Kalmes, Schäffen

Marc Spautz, Schäffen

Carlo Lecuit, Schäffen

Chers riverains

Par la présente, nous tenons à vous informer que dans le contexte du chantier de la construction d’une piste cyclable, l’entreprise Guy Gardula procédera à la mise en place d’une passerelle dans la rue du Canal à la hauteur du pont ferroviaire, et ce du mercredi 20 février 2019 jusqu’au jeudi 21 février 2019 entre 07h00 et 17h00.

Une déviation pour la circulation routière et piétonnière sera mise en place.

                                                                                                                                         pour agrandir l’image cliquez deux fois dessus

Pour tout renseignement supplémentaire, n’hésitez pas à appeler notre service des travaux neufs et des infrastructures (M. Skrijelj Tél. : 54 50 61-409).

Tout en comptant sur votre compréhension, nous vous prions d’agréer, Mesdames, Messieurs, l’expression de nos sentiments distingués.

Le collège échevinal

Paul Weimerskirch, bourgmestre

Albert Kalmes, échevin

Marc Spautz, échevin

Carlo Lecuit, échevin

Auereverdeelung fir laangjäreg Mataarbechter

Den 13. Februar 2019 huet de Schäfferot säi Personal, dat op mannst säit 20 Joer am Déngscht vun der Schëfflenger Gemeng steet, op eng offiziell Feier an de „Centre Associatif Am Rit“ ageluede fir hinne Merci ze soen fir hir trei Aarbecht.

Am Laf vum Owend huet de Buergermeeschter Paul Weimerskierch, ënnerstëtzt vu senge Schäffen Albert Kalmes, Marc Spautz a Carlo Lecuit, sou wéi ville Gemengerotsmemberen, fënnef Verdéngschtauere verdeelt.

Ënnert dem Gemengepersonal goufe geéiert:

  • D’Madame Manon Hopp, Aide-concierge an der Lydie Schmit Schoul
  • Den Här Marc Welter, Chauffeur am Gemengenatelier – Equipe Transport/Montage
  • Den Här Roberto Lepidi, Viraarbechter am Gemengenatelier – Equipe Transport/Montage

      

Beim Service Enseignant kruten hir verdéngten Aueren:

  • D’Madame Nadine Milbert-Bettendorf, Léierin am Zykel 2.1 an der Albert Wingert Schoul
  • Den Här Steve Theodor, Schoulmeeschter am Zykel 4.2 an der Lydie Schmit Schoul

  

Och eng „Montre de mérite“ fir hir zwee Jorzéngten am Gemengerot kruten:

  • De Paul Weimerskirch, Buergermeeschter
  • De Marc Spautz, Schäffen

  

Nom offiziellen Akt, konnt d’Gesellschaft bei engem Iessen den Owend gemittlech ausklénge loossen.