Monthly Archives: mai 2018

Hausapdikt aus der Natur

D’Schëfflenger Ëmweltkommissioun an de SICONA invitéieren all Schëfflenger Leit de 16.06.2018 op hire Workshop

« Hausapdikt aus der Natur »

Fir all weider Informatiounen klickt w.e.g op den PDF-Fichier.

Flyer Hausapdikt

La commission de l’environnement et le SICONA invitent tous les habitants au Workshop

« Remèdes aux herbes sauvages »

Pour les informations détaillées – prière de consulter le fichier-pdf ci-dessus

Nuit du Sport 2018

No engem Joer Paus fënnt dëst Joer nees d’Nuit du Sport zu Schëffleng statt. Wann dir Loscht op Spill, Spaass an eng gutt Zäit hutt, dann sträicht Iech den 2. Juni am Kalenner un. All weider Informatiounen zu dësem Owend an den zäitlechen Oflaf fannt dir, wann dir op de Flyer klickt:

Fir d’Aktivitéiten an der Schwämm vun der Lydie Schmit Schoul gëtt eng Navette ugebueden hei fannt Dir d’Horairen.

D’Noperschaft feieren

Och dëst Joer goufen d‘Noperschaften um Dag vun der „fête des voisins“ gefeiert. Eng ganz Partie Stroossen duerch ganz Schëffleng hunn dëst Joer matgemaach an hunn sech mat hiren Noperen zesummegedoe fir e flotten a lëschtegen Owend ze verbréngen. Hei hunn sech Jonk an manner Jonk getraff, Lëtzebuerger a Net-Lëtzebuerger an flott Stonnen zesumme verbruecht.  Nieft dem Austausch vun kulinareschen Spezialitéiten war et och eng gutt Geleeënheet d’Noperen aus verschidden Länner an Kulturen kennenzeléieren.

                           

                                                                                                               

Avis de publication/ Incidences environnementales des quatre projets de plans directeurs sectoriels

Avis de publications

Incidences environnementales des quatre projets de plans directeurs sectoriels (PDS) « logement », « zones d’activités économiques », « transports » et « paysages ».

Enquête publique

Avis de publication/ Projet de Plans directeurs sectoriels

Avis de publication

Projet de Plan directeurs sectoriels (PDS) « logement », « zones d’activités économiques », « transports » et « paysages ».

Enquête publique concernant l’aménagement du territoire.

Vernissage vun der Ausstellung „Art à l’Ecole“

Den 18. Mee 2018 war et zimlech faarweg an der Galerie d’Art vum Syndicat d’Initiative, et war de Vernissage fir d’Ausstellung „Art à l’Ecole”. De Buergermeeschter Paul Weimerskirch konnt  niewent den Éieregäscht eng ganz Partie Kanner mat hiren Eltere begréissen, schliisslech waren et jo och hier Konschtwierker déi um Vernissage presentéiert goufen.

Wärend ville Wochen hunn d’Kanner aus dem Cours „Art à l’École“ ënnert der Leedung vun der Madame Nicole Weydert-Huberty gebastelt a gemoolt, fir eng flott a lieweg Ausstellung op d’Been ze stellen. Si waren all mat grousser Begeeschterung dobäi. Et konnt een de Kanner ofgesinn, dass si houfreg op hir Wierker sinn. De Motto vun der Ausstellung ass “Déierewanderung”, esou kann een an all Raum vun der Galerie d’Art verschidde flott a faarweg Déieren entdecken. D’Konschtwierker goufen net nëmme vun de Schëfflenger Schoulkanner kreéiert mee si sinn an Zesummenaarbecht mat Schoulkanner vu Mamer entstanen.

D’Austellung kënnt Dir nach bis den 23. Mee 2018 an der Galerie d’Art vum Syndicat d’Initiative, tëschent 14.00 an 17.00 Auer, besichen.

                                                                       

Travaux à l’échangeur de Schifflange

Dans le cadre de la réorganisation de l’échangeur de Schifflange, respectivement de la mise en
oeuvre de la couche de roulement définitive, différentes fermetures sont prévues.

Plus amples informations dans le communiqué ci-dessous.

Concert de Bienfaisance

Den 3. Juni 2018 organiséiert d’Associatioun « Anges d’Afrique » a Kooperatioun mat der Gemeng Schëffleng e « Concert de Bienfaisance », all weider Informatioune fannt Dir, andeems Dir op de Flyer klickt. 

70 Joer, dat muss gefeiert ginn !

Dat huet de Joergang vun1948 sech och geduecht an hunn en Opruff un all hir Kollegen a Kolleginne gemaach fir sech den 18. Mee an hirer Heemechtsstad Schëffleng wou si fir d’éischt Schoulbänk gedréckt hunn  erëm ze gesinn.

70 Joer ass e schéinen Alter a munch Anekdote vu fréier sinn op Tapéit komm.

Rendezvous war op der Gemeng wou si vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch an dem Schäffen Albert Kalmes empfaange  gi sinn. Duerno stoung eng Visitt vum Rëmelenger „Musée des Mines“ um Programm an den Ofschloss vun dësem flotten Dag huet en Owendiesse gemaach.

Les Ponts et Chaussées informent!

CR169: CIRCULATION À SENS UNIQUE À PARTIR DE L’ÉCHANGEUR SCHIFFLANGE VERS FOETZ

Dans le cadre de la réorganisation de l’échangeur de Schifflange, la circulation sur le CR169 se fera en sens unique à partir de l’échangeur Schifflange vers Foetz du lundi 14 mai (6h00) jusqu’au vendredi 18 mai (18h00) 2018.

Une déviation sera mise en place.

http://www.pch.public.lu/fr/actualites/chantiers-routiers/2018/cr169-schifflange2/index.html