24.04.2019

« Zesumme fir Europa »- Stäremarsch op Schengen

« Zesumme fir Europa » – Stäremarsch op Schengen

Zu Éiere vum Europadag organiséiert de „Centre Européen Schengen asbl“ an Zesummenaarbecht mat de Gemenge Schengen, Mondorf-les-Bains an der Stad Réimech e Marsch op Schengen.

Ënnert dem Motto „Zesumme fir Europa“ wëlle mir en Zeeche fir e staarkt a vereentent Europa setzen. Am Kader vun den desjäregen Europawalen, wëlle mir ons Matbierger sensibiliséieren a si op déi wichteg Roll vun der Europäescher Union an dëser onstabiler Zäit opmierksam maachen. Fir d’Symbolik vun engem grenzenlosen Europa z’ënnersträiche start de Stäremarsch e Sonnden, de 5. Mee 2019 gläichzäiteg vu Lëtzebuerg, Frankräich an Däitschland mam gemeinsamen Zil „Place des Etoiles“ zu Schengen.

Départ ass um 14.30 op dem Fréijoarsmaart beim Kiosk op der Place Kons zu Réimech. Parking: um Grein an bei der Schwemm (8,6 Km).
Accueil mat Éierewäin ab 16.30 Auer virum Centre Européen zu Schengen an der Präsenz vum Aussen- an Europaminister Jean Asselborn souwéi aner Personalitéiten. Dono ginn d’Participanten op hiren Ausgangspunkt mat enger Navette gefouert. Bréngt Wanderschong an e Bidon fir Waasser mat w.e.g.

Weider Informatiounen op www.visitschengen.lu oder Tel.: 26 66 58 10