06.06.2019

Workshop « Zero Waste »

En Dënschdeg, de 4. Juni um 18h huet hei zu Schëffleng de Workshop « Zero Waste » stattfonnt. E gouf vum CELL (centre for ecological learning) am Optrag vum Ëmweltministär am Kader vun den neie Klima- an Offalldirektiven organiséiert a war mat 85 Participants ausverkaaft. Am ganze gi 5 Workshoppen an de 5 Regioune vum Land ofgehal, bei deenen all Bierger wëllkomm ass an invitéiert gëtt seng Iddie matzedeele fir déi nei Gesetzer opzesetzen.

Bei der Begréissung huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch sech frou gewisen, datt Schëffleng erausgesicht gouf fir de Workshop am Süden an ass op d’Efforten agaangen, déi d’Gemeng zënter 20 Joer am Kader vun der Ofallgestioun gemaach huet. A senger Qualitéit als President vum SIVEC huet hien och kloer gesot, datt si wëlle vum Recycling Zenter ewech kommen an e Ressoucenzenter ginn.

D’Madame Dieschbourg huet de Fait begréisst, datt esou vill Leit do waren fir matzeschaffen. No hirer Ufanksried an no der Entrée en la matière duerch den Norry Schneider (CELL) ass et an di eenzel Workshoppe gaangen wou ee gespuert huet, datt d’Leit wëlle konkret an efficace eppes ëmsetzen. Dës Aarbechtsgruppe goufen am Stil vu World-Café gefouert.

Hei e puer Impressioune vum Owend:

Méi Infoen iwwert d’Initiative

« On a besoin d’un changement systématique. Il ne faut plus réduire le problème, mais il faut le résoudre. Pour y parvenir, il faut légiférer, mais aussi inclure tous les acteurs, y compris les citoyens! » – Carole Dieschbourg