22.05.2018

Vernissage vun der Ausstellung „Art à l’Ecole“

Den 18. Mee 2018 war et zimlech faarweg an der Galerie d’Art vum Syndicat d’Initiative, et war de Vernissage fir d’Ausstellung „Art à l’Ecole”. De Buergermeeschter Paul Weimerskirch konnt  niewent den Éieregäscht eng ganz Partie Kanner mat hiren Eltere begréissen, schliisslech waren et jo och hier Konschtwierker déi um Vernissage presentéiert goufen.

Wärend ville Wochen hunn d’Kanner aus dem Cours „Art à l’École“ ënnert der Leedung vun der Madame Nicole Weydert-Huberty gebastelt a gemoolt, fir eng flott a lieweg Ausstellung op d’Been ze stellen. Si waren all mat grousser Begeeschterung dobäi. Et konnt een de Kanner ofgesinn, dass si houfreg op hir Wierker sinn. De Motto vun der Ausstellung ass “Déierewanderung”, esou kann een an all Raum vun der Galerie d’Art verschidde flott a faarweg Déieren entdecken. D’Konschtwierker goufen net nëmme vun de Schëfflenger Schoulkanner kreéiert mee si sinn an Zesummenaarbecht mat Schoulkanner vu Mamer entstanen.

D’Austellung kënnt Dir nach bis den 23. Mee 2018 an der Galerie d’Art vum Syndicat d’Initiative, tëschent 14.00 an 17.00 Auer, besichen.