09.04.2019

Télévie am Film

Den Amateur-Filmveräin « AMCIS-Vidéo asbl » filmt déi nächste Méint Aktivitéiten, déi am Kader vum Télévie an der Gemeng Schëffleng stattfannen.

Op der Journée Télévie, de 27. Abrëll 2019 si si vu 6 Auer moies um Dill an iwwerdroen d’Biller bei RTL op Web-TV.

Si produzéiere vun der ganzer Aktioun Télévie en DVD, wouvunner den Erléis vum Verkaf integral un den Télévie geet.

Hei e puer Kuerzvideoen, déi bis elo gedréit goufen:

LP07 Schëffleng 08.12.18 + Wanterfest SIT 15.12.18 + Aktioun Gemengesekretariat 

Tennisclub / Meet & Greet mam Gilles Muller 02.02.19

Kniddel- a Bouneschluppowend CSV 07.02.19

Concert David Ianni 03.03.19

Konferenz Dr Niclou 06.03.19

Gala Dîner 29.03.19

Badminton Masters 17.04.19

LSAP Laf 22.04.19

Car Wash LGS 22.04.19