21.03.2019

Sensi-Days zu Schëffleng

D’Sensi-Days fir 14 Klassen am Cycle 3 waren dëst Joer nees e volle Succès!

An 3 Atelierë konnten d’Kanner aus deenen 3 Schëfflenger Schoulen (Nelly Stein, Albert Wingert, Lydie Schmit) sech an d’Haut vu Mënsche mat Behënnnerung eraversetzen.

Déi verschidden Beräicher :

05.03./07.03./12.03./14.03. : Malvoyant

05.03./07.03./14.03. : Malentendant

21.03. : Luxrollers

Dës Initiative soll de Kanner d’Beréierungsängscht huelen a si fir d’Thema Behënnerung sensibiliséieren.