24.01.2018

Schüler – innen   /   Studenten – innen gesicht!

De Service vun der Jugend a Chancëgläichheet vun der Schëfflenger Gemeng sicht Animateure fir hier Vakanzenaktivitéite fir d’Jugend am Summer 2018. D’Aktivitéite fannen iwwert de ganze Summer statt a bestinn aus Atelieren, Dagesausflich a Mini-Vakanzen iwwert e puer Deeg.

Wanns Du:

  •  21 – 26 Joer al bass
  •  Lëtzebuergesch schwätzen a verstoe kanns
  • a Bereet bass un der Formatioun ‚Animateur A‘ an der Schëfflenger Gemeng  deelzehuelen: 24.-25. Februar / 24.-25. Mäerz / 22. Abrëll   onbedéngt fräihalen!

Da schéck folgend Dokumenter:

  • CV (mat de jeeweilege Certificaten)
  • E Motivatiounsbréif (op Lëtzebuergesch, Däitsch oder Franséisch)
  • Eng Kopie vun Denger Schüler- / Studentekaart
  • Eng Kopie vun Denger Sozialversécherungkaart
  • Eng Oplëschtung vun Dengen Disponibilitéiten vu Juli bis September

Bis spéitstens de 11. Februar 2018:

Service fir Jugend a Chancëgläichheet

                              B.P. 11

                              L-3801 Schëffleng

Fir weider Informatiounen a Froen, kanns Du Dech gären am Service fir Jugend a Chancëgläichheet mellen:

Nickie Lippert – 275 182 60 – – Facebook.com/JugendScheffleng