20.06.2018

Schëfflenger Fest

Léif Matbierger, Léif Matbiergerinnen,

Mat dësem klenge Schreiwes invitéieren mir Iech vun Häerzen op eist Schëfflenger Fest; besonnesch op d’Virowendfestivitéiten am Kader vun eisem Nationalfeierdag. E flotte Programm erwaart Iech – op jonk oder manner jonk.

Et geet jo drëm an eiser Gemeng de Fändel vum Mateneen héich zehalen. D‘Schëfflenger Fest ronderëm d‘Feierlechkeeten vum Nationale Feierdag sinn dozou eng flott Geleeënheet. An de kulturelle Mateneen, de sportlech Engagement an dat gesellschaftlech Zesummespill sinn jo ouni Zweiwel de Pilier vun enger gesonder a konvivialer Gemeng. Eng Gemeng, wou jidder Eenzelen zielt, op Jonk oder Al, op Lëtzebuerger oder Net-Lëtzebuerger.

Gutt a flott a Infrastrukturen sinn wichteg! Allerdéngs brauch d’Liewen an der Gemeng Oppenheet, Versteesdemech an Toleranz. De Nationalfeierdag an och aner Recontres an eiser Gemeng sollen dozou bäidroen.

E puer Deeg virum Nationalfeierdag dës puer Reflexiounen iwwert eist Zesummeliewen. Iwwert eisen Mateneen. Iwwert Solidaritéit. Am Kader vun eise Fairtradeaktivitéiten hu mir e Projet initiéiert mat der Kaffecoopérative COMSA aus der Stad Marcala. De Gemengerot huet eestëmmeg eng Partnerschaft mat der Stad Marcala am Honduras zougestëmmt. An de Fairtrade Team promovéiert de Schëfflenger Kaffie.

Mir wëllen och eiser Partnerschaft mat der elsässescher Stadt Drusenheim en neien Elan ginn a mat neien frëschen Ideen dëse Jumelage – vun der Éierebuergermeeschter Astrid Lulling am Joer 1997 an d‘Liewe geruff an vum Éierebuergermeeschter Roland Schreiner virun e puer Joer nees relancéiert ginn – nei beliewen. Dobäi wäert eis Kultur-, Sport- a Fräizäit- Kommissioun e wichtegen Acteur sinn. Awer och eis Veräiner solle hei mat agebonne ginn, virun allem eisen Syndicat d’Initiative soll do mat am Spill sinn. Et soll hei ëm Austausch goen um kulturellen, sportlechen an awer och um gesellschaftlechen Plang.

Mir freeën eis elo Iech op den Festivitéite vum Nationalfeierdag ze begéinen, ze begréissen.

Am Numm vum Schäffe- a Gemengerot Paul Weimerskirch Buergermeeschter.

Weider Detailer fannt Dir op eisem Flyer / Vous trouverez de plus amples informations sur notre flyer: