27.02.2018

Scheckiwwerreechung no der Bicherwoch 

Een Deel vum Erléis vun der Bicherwoch kruten d’Responsabel vun de Schëfflenger Schoulbibliothéiken, de 26. Februar 2018, feierlech als Scheck iwwerreecht.

Vum 9. bis de 14. Oktober 2017 hat an der Gemeng, an der Salle Grand-Duc Jean d’Bicherwoch stattfonnt. Et war déi 2. Kéier dass d ‘Gemeng d’Bicherwoch an Zesummenaarbecht mat der “Librairie Ernster” organiséiert hat.

Insgesamt goufe Bicher am Wäert vu ronn 7.000 Euro verkaf. Vun dësem Erléis geet ëmmer een Deel un d’Responsabel vun de Schëfflenger Schoulbibliothéiken.

Dëst Joer goufen dräi Schecken iwwerreecht dovunner zwee un d’Michèle Pauly, Responsabel vun der Bibliothéik vun der Lydie Schmit an Nelly Stein Schoul. E weidere Scheck huet de Buergermeeschter Paul Weimerskirch un déi Responsabel vun der Bibliothéik vun der Albert Wingert Schoul, Fanny Christophory a Philip Ries, iwwerreecht.

Bei der Bicherwoch fläisseg matgehollef an engagéiert hunn sech ënnert anerem och: Dijana Ibraković, Idette Cattivelli, Liette Simon, Marie Thill an Dirk Wagner, an och d’Enseignante vum Cycle 1 déi mat hire Kanner ëmmer flott a schéi Biller mole fir de Sall ze dekoréieren.