09.10.2017

Saisonserëffnung vum Grousse Moart

Wei all Joer gëtt déi nei Saison fir de „Grousse Moart“ op der Fräiheetsplaz am Oktober opgemaach. Och dëst Joer waren d“Confédération Luxembourgeoise du Commerce“ an den „Lëtzebuerger Maarteverband” vum Schëfflenger Schäfferot op déi offiziell Saisonseröffnung invitéiert.

An enger kuerzer Usproch huet den Buergermeeschter Roland Schreiner an de Schäffen Paul Weimerskirch betount, dass si frou sinn, d’Moartleit all zweete Méinden am Mount op der Fräiheetsplaz begréissen ze kennen. En groussen Merci huet de Roland Schreiner un d’Marchanden geriicht, déi bei all Wieder hire Stand op der Plaz opriichten.

No der offizieller Erëffnung gouf et fir all Visiteur e Kaffi an e Croissant. Dono konnten se gemittlech iwwert de Moart trëppelen.