23.06.2019

Ried zum Nationalfeierdag

Ried zum Nationalfeierdag 2019 vum

Buergermeeschter Paul Weimerskirch

(Samschdeg, den 22. Juni 2019)

Här Eierechamberpresident,

léif Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot,

léif Matbiergerinnen, léif Matbierger

a Frënn vu Schëffleng,

Muer feiere mir eisen Nationalfeierdag.

Et ass d’Fest vun eiser klenger Natioun. Eng Rencontre vun alle Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger – e Fest vum Mateneen, e Fest vun allen, déi a Lëtzebuerg hiert Doheem gesinn.

E wichtegen Dag am Joreskalenner deemno.

Et ass den Ausdrock vun der Eegestännegkeet, der Onofhängegkeet … et ass och een Zeeche vu Fräiheet a virun allem vum Fridden… jo och vum soziale Fortschrëtt a vum Wuelstand.

A genee dowéinst ass et och de Moment fir driwwer nozedenken, wéi mir eis developpéiert hunn, wat eis Vergaangenheet ass.

Jo, sech z’erënneren wat d’Generatioune virun eis erlieft a mat gemeet hunn. Dat ass net almoudesch oder iwwerlieft!!

Well, wa mir haut feieren, sollte mir net vergiessen, datt dat net ëmmer de Fall war…

… besonnesch an den däischteren Zäite vum Krich.

Dësen Dag ass dofir eng Geleeënheet mat Respekt un déi ze denken, déi fir eist klengt Land Lëtzebuerg d’Symbol an den Ausdrock vun eiser Eegestännegkeet a Fräiheet duerstellen.

Hiren Asaz an Engagement huet d’Fundament geluecht fir eis demokratesch, modern, fräi a solidaresch Kommunitéit.

Viru 75 Joer huet Europa en neit Kapitel fir Fridden, Mënscherechter an Demokratie opgeschloen, dat mat der Landung vun den Alliéierten Truppen an der Normandie. Et wor den Ufank vun der Befreiung vum bluddegen Naziterror an Europa, … an och hei zu Lëtzebuerg.

Mat aktiven a fräiwëllegen Engagementer derbäi, den deemolegen Ierfgroussherzog Jean  … als Offizéier vum britesche Regiment, den Irish Guards.

Eise spéidere Grand-Duc Jean, deen eis dëst Joer fir ëmmer verlooss huet, ass esou zu enger wichteger Symbolfigur fir Lëtzebuerg, jo fir d’Geschicht vun Europa ginn. Säin Asaz fir d’Fräiheet an d’Onofhängegkeet, fir d’Eenheet vu Lëtzebuerg huet Spueren hannerlooss.

Monseigneur Dir hutt bei Wäitem deemols a spéider méi gemeet ewéi just Är Flicht erfëllt.

Am Numm vun alle Schëfflenger Merci an Adieu.

Léif Matbiergerinne a Matbierger,

Ech denken, mir sinn eis eens, wann ech soen, datt eis Demokratie gutt fonktionnéiert. Iwwer all Grenzen a Virstellunge vum Eenzelen eraus, kënne mir mateneen diskutéieren an debattéieren, fir Léisungen ze fannen, och wann deen een oder anere mol Kompromësser muss agoen. Well et sinn net déi kleng Streidereien a Béiswëllegkeeten, déi eis virubréngen, mee et ass de Konsens an de Wëllen zesummen – mateneen novirzegoen.

Blannen a radikalen Egoismus däerfen ni sinn, si ginn der Demokratie ëmmer nees eng falsch Orientéierung.

Mir solle frou sinn, datt mir am Fridde liewen, datt mir op Wuelstand a sozial Gerechtegkeet an allen Hisiichte setzen a bauen – an datt mir eis staark maache kënne fir nei an nohalteg Perspektiven, fir nei Ziler, fir nei Chancen.

Am Numm vum Schäffen- a Gemengerot – Iech alleguer e grousse Merci fir Är aktiv Participatioun, gëschter an haut, am Te Deum, am Cortège, um Schëfflenger Fest … um Matenee vun de Schëfflenger Bierger, hire Familljen a Frënn, vu wou och ëmmer se hir kommen.

Je salue très cordialement tous ceux qui viennent de loin et qui partagent leur vie avec la nôtre  … et qui joignent leurs efforts aux nôtres pour réussir notre vie commune, … pour faire aboutir nos projets et pour construire un avenir commun.

Chers citoyens, chères citoyennes vous représentez une partie importante de notre pays, de notre communauté, de notre passé et surtout de notre futur.

Soyez les bienvenus à cette belle fête, soyez les bienvenus à Schifflange, à Luxembourg.

Partout où tu iras, vas-y avec tout ton coeur et tu seras accueilli avec bonheur et joie. Une citation de Confucius.

Eis Gemeng ass eng lieweg a convivial Gemeng, wou jidder Eenzele wëllkomm ass. Dat verlaangt natierlech géigesäitege Respekt, dat brauch Versteesdemech an Toleranz… Merci un Iech all, datt Dir Iech mat eis op dësem Wee engagéiert.

Merci virun allem un all déi, déi Responsabilitéit iwwerhuele fir dëse Mosaik mat de klenge faarwege Steng aus de sëlleche Kulturen, Natiounen a Reliounen opzebauen, ze festegen an ëmmer nees nei ze orientéieren.

Léif Schëfflenger, chers schifflangeois.

Hei an eisem Duerf, eiser Gemeng Schëffleng ziele mer bal 12.000 Awunner …

… Männer a Fraen, Jonker a manner Jonker, Lëtzebuerger an Net- Lëtzebuerger, och eng Rei Demandeurs a Bénéficiaires de protection internationale wunnen, liewen a schaffen hei.

Leit aus iwwer 90 verschiddene Länner, Kulturen an Natiounen. Ënnert anerem aus dem Portugal, dem Cap Vert, Montenegro, Indien, Rumänien, dem Nepal, Syrien an Eritrea … si liewen hei, spille Musek, dreiwe Sport, beräicheren eist Veräins-, Kultur- a Sportliewen…

Eis Gemeng ass hiert Doheem an et ass hier Heemecht.

Jo mir all fillen eis wuel hei ze wunnen, well Solidaritéit, Toleranz, Versteesdemech, Fräiheet a Wuelstand, soziale Fortschrëtt a Gerechtegkeet keng eidel Wierder sinn.

Mir huelen dat alles dacks als eng Selbstverständlechkeet un.

Mir sollen awer net vergiessen, datt ganz no bei eis d’Welt eng aner ass … Krich a Misär, Onfräiheet an Nout sinn ëmmer nach op eiser Weltkaart ze gesinn. Och dat sollte mir haut, muer, iwwermuer op eisem Nationalfeierdag net vergiessen.

Ceci-dit, il me tient vraiment à coeur d’accueillir à mes côtés une personne, pour laquelle son passé tout récent est étroitement lié à toute l’horreur que représente un conflit armé, une dictature, une guerre pour l’homme, ….

… et dont le destin l’a amené au sein de notre communauté schifflangeoise

… et qui est prêt à nous donner un bref aperçu sur le calvaire qu’il y a vécu avec sa famille, avant de retrouver parmi nous un havre de paix, même de bonheur et de joie après avoir abandonné sa patrie, ses proches, bref toute son ancienne vie: Monsieur Kadamani!

(Intervention de M. Kadamani, qui parlait avec fierté de la Syrie, son pays natal se trouvant en guerre depuis 8 années, mais aussi de son voyage dangereux vers le Luxembourg, un pays “merveilleux qui lui a donné tout ce qui beau”.)

Cher ami, chère Famille Kadamani un grand Merci pour votre intervention passionnée, pour votre témoignage touchant.

Lequel nous a surtout rappelé que la démocratie et le droit de l’homme, et donc la paix ne sont jamais entièrement acquis. Merci!

Après cette intervention émotionnelle, il s’avère quand-même difficile de reprendre la parole.

No dësen nodenklechen, allerdéngs och encourageanten Wierder ass et net einfach weider ze schwätzen. An dach, léif Matbiergerinnen a Matbierger, geet eise Bléck net einfach zréck; mir mussen alleguer och ëmmer nees no vir kucken.

Iwwert den Tellerrand eraus, fräi nom Motto oder salopp gesot: haut u muer denken. Verännerunge sinn ëmmer noutwenneg. Wat gëschter richteg wor muss haut net méi onbedéngt stëmmen, dofir ass Hannerfroe wichteg. An nei Weeër och. D’Zukunft gehéiert de jonke Leit vun haut. An dofir sinn ech frou enger jonker Schëfflenger Biergerin a Studentin elo d’Wuert ze iwwerloossen: dem Anne Lecuit, déi Member am Jugendparlament ass.

(Interventioun vum Anne Lecuit, dat houfreg ass e “Schëfflengermeedchen” ze sinn an dat d’Jugend opfuerdert, sech fir dat Gutt an der Welt anzesetzen – well och déi Jonk hunn eng Stëmm, déi gehéiert ka ginn)

E grousse Merci un Dech Anne, fir deng engagéiert Ried, deng couragéiert Wierder an deng authentesch Interventioun. Haut u muer denken, dat ass eise Wee.

Léif Matbiergerinnen a Matbierger,

Dir sidd mat mir eens, datt mir all zesumme Lëtzebuerg sinn, grad esou ewéi d’Anne an den Här Kadamani dat beschriwwen hunn…dofir nach e leschte Gedanken.

Ouni Xenophobie, ouni Rassismus oder Nationalitéitesträit, ouni Friemenhaass, ouni Zizanie – hunn d’Lëtzebuerger ëmmer nees dat Gemeinsamt gesicht an dat, wat verbënnt, gestäerkt!!

Et ass genee dat, wat eis Natioun ausmécht! Geselleg an häerzlech am Ëmgang, engagéiert a fläisseg fir dat Gemeinsamt.

Wann haut Matbierger vu verschiddene Kulturen an Nationalitéiten mat eis zesummen den Nationalfeierdag feieren, dann ass dat e gutt, e staarkt Zeechen. Et ass en Zeeche vun Toleranz, vu Respekt a vum Versteesdemech.

Wann haut Matbierger aus verschiddene Länner zesumme schaffen, zesummen an d’Schoul ginn, zesummen an eise Veräiner engagéiert sinn, dann ass dat a mengen Aen den Ausdrock an de Beweis vun enger lieweger, oppener a freedeger Gesellschaft,

… wou keen ausgeschloss ass, wou ëmmer nees Brécke geschloe ginn, wou kleng a grouss Ziler matenee geplangt a realiséiert ginn.

Léif Matbierger vu Schëffleng
… an iwwert d’Grenzen eraus,

Eng Communautéit lieft nëmmen dann, wa jidder Eenzelen de Wee an d’Zukunft mat goe kann.

Et ass evident, datt dat net vum selwe geet. Dat ass d’Aufgab un eis all, matzeschaffen, matzedenken en bonne âme et conscience, mat gesondem Mënscheverstand, jo mat Häerz a Séil.

Et ass ëmmer dat Soziaalt, dat Convivialt, dat Gutt, wat eis zu Schëffleng auszeechent.

Merci un Iech all – egal, wou a wat dir schafft, ob als Bénévol, als Entrepreneur oder als Salariés … ech weess, an ech sinn iwwerzeegt, datt Dir alleguer dat Bescht maacht am Déngscht vun de Leit, am Déngscht vun der Saach, am Interessi vun der Gemeng, vun eiser Gesellschaft.

Dir sidd alleguer eng wichteg Stäip am Liewen vun eiser Ekonomie, vum Mateneen an eiser Gemeng, an eise Veräiner.

Par ailleurs, il me tient énormement à coeur de dire à tous ceux qui sont venus nous rejoindre de plus loin … pour enrichir notre communauté par leur travail et leur façon de partager le quotidien … et qui s’engagent dans notre société, …

… que notre Fête Nationale est aussi la leur.

Haut, um Virowend vun Nationalfeierdag, wëlle mer zesumme feieren. Eiser Kultur-, Sport-, a Fräizäitkommission, eise Gemengeservicer, e grousse Merci fir déi flott Organisatioun. E Merci geet vrun allem awer och un all eis Veräiner, déi sech eemol méi bereet erkläert hunn, bei dësem Fest mat ze hëllefen.

Eisem Grand-Duc Henri a senger Famill wënsche mir op dësem Dag all Guddes fir d’Zukunft an e weidert erfollegräicht Schaffen am Déngscht vun eiser Natioun.

Iech alleguerte wënschen ech e schéinen Nationalfeierdag an e puer flott Stonnen um Schëfflenger Fest.

Vive de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse !

Vive déi groussherzoglech Famill !

Vive Europa ! Vive Lëtzebuerg ! Vive Schëffleng !

N.B : et gëllt dat geschwate Wuert!

Fotoen: Tom di Maggio + Service des citoyens et de la communication (SCC)