17.04.2019

Remise d’un chèque rouge

Vum 1. Abrëll bis de 27. Abrëll 2019 kritt Dir rout Ouschtereeër an all de chinesesche Restauranten zu Schëffleng offréiert, dat ganzt verpaakt an enger ökologescher Tut, mat der Erklärung wéi eng Bedeitung « rout Eeër » an der chinesescher Kultur hunn: si symboliséieren en neien Ufank a gi virun allem bei der Feier vun engem Neigebuerenen zerwéiert.

D’Alliance des Chinois (https://zhongguolux.wordpress.com) huet dës Eeër un d’Restaurante verkaf an den Erléiss vun dëser Aktioun gouf integral un den Télévie gespent.

D’Scheckiwwerreechung vu ganzer 888,88 Euro war de 15. Abrëll 2019 am Salle Grand-Duc Jean zu Schëffleng an der Gemeng. De Comité vum Télévie seet der « Alliance des Chinois – Schifflange » e ganz grousse Merci fir hir super Iddi an hiren Engagement.