09.07.2019

Remise des diplômes des cours de langues

Schëffleng schwätzt vill Sproochen – an och ëmmer méi Lëtzebuergesch!
Dat huet een op der Diplomiwwerreechung e Méindeg, den 8. Juli 2019 an der Salle Grand-Duc Jean gesinn. De Raum war voll vu flotten, faarwegen a froue Mënschen!

Dofir hat de Buergermeeschter, Paul Weimerskirch, symbolesch den Ernie an de Bert matbruecht – well dës zwou Figuren aus der Sesamstaße och polyglott a multikulturell sinn. A senger internationaler Ried huet hien de Leit felicitéiert fir déi Efforten, déi si an deem leschte Joer gemaach hunn an de Bilan vun engem gelongene Joer gezunn:

Fir d’Sessioun 2018/2019 goufen hei zu Schëffleng 7 Sproochecoursen vun der Schëfflenger Gemeng an Zesummmenaarbecht mat der Integratiounskommissioun organiséiert.

Vun deene 7 Course si 5 Lëtzebuergeschcoursen an och 2 Engleschcoursen ugebuede ginn.

Ganzer 173 Leit hunn un de Sproochecoursen deelgeholl, dorënner 93, déi elo an dëser Zeremonie en Diplom kruten. Insgesamt waren ënnert den Apprenanten 28 verschidden Nationalitéite vertrueden.

E grousse Merci goung als Eischt un d’Mandy Manternach, dat sech ëm déi ganz Organisatioun gekëmmert huet, awer virun allem och un d’Enseignanten, déi sech immens vill Méih ginn hunn, fir de Schëfflenger op flott Aart a Weis eng nei Sprooch bäizebréngen.

Ee Lëtzebuergeschcours mam Niveau A1.1 gouf samschdes moies an der Nelly Stein Schoul vum Jean-Luc Theisen ofgehalen. Dëse Cours war just fir d’Botzpersonal vun der Gemeng virgesinn, deen de Schäfferot hinnen offréiert hat. Den Här Theisen huet extra de Mikro ergraff a sengen Damme perséinlech gesot, wéi houfreg hien op si ass.

Den Här Romain Carl hat fir d’Joer 2018/2019 zwee Lëtzebuergeschcourse mam Niveau A1 an der Lydie Schmit Schoul gehalen. Och zwee Lëtzebuergeschcourse mam Niveau A2 a B1 huet säi Papp, den Här Norbert Carl an der Nelly Stein Schoul ginn. Den Doyen vun de Sproochecoursen huet deenen “erwuessene Schülerinnen a Schüler” och nach eemol gratuléiert an hinnen eng wuelverdéngte Vakanz gewënscht. Den Här Jean-Paul Molitor huet zwee Engleschcoursen, ee fir Ufänger an ee Cours Niveau Intermédiaire an der Nelly Stein Schoul assuréiert.

Bravo iech all an « Äddi a Merci Päiperlek a Kéiseker »!