30.06.2017

Prost op déi 80 !

De Joergang 1937, also all déi di dëst Joer 80 Joer jonk gi sinn, hun sech den 30. Juni 2017 zu hirem traditionellen Konveniat getraff.

Treffpunkt war d’Schëfflenger Gemeng wou sie vum Schäffen Paul Weimerskirch empfaange gi sinn. A senger Begréissungsried ass hien op lëschteg a manner lëschteg Evenement am Joer 1937 agaangen éier sie gemeinsam op die kommend Joren bei hoffentlech beschter Gesondheet ugestouss hun.

No engem gemeinsamen Mëttegiessen si sie bei hire Kolleg Hammang Jean Heem gaangen fir bei deem engen oder aneren gudde Pättchen den Dag auskléngen ze loossen.