11.05.2017

Planzaktioun fir eis Neigebuere vum Joer 2016

„Mit jedem Menschen ist etwas Neues in die Welt gesetzt“

106 Kanner konnten mer am Joer 2016 als Neibierger hei zu Schëffleng ophuelen. Sou wéi dat Joer virdrun hu mer erëm de Cap vun den 100 Kanner iwwerschratt. Déi héich Gebuertenzuel wéisst sécher drop hin, datt déi jonk Famillen sech hei zu Schëffleng wuel fillen.

An de vergaangene Joren si vill jonk Famillen ob Schëffleng geplënnert. Firwat kommen se bei eis? Sécher well Schëffleng eng attraktiv Uertschaft ass, an all déi Infrastrukturen ubidd, déi jonk Famille sichen. Mer si frou iwwer dës Entwécklung. Jonk Leit a Kanner bréngen Dynamik an eng Uertschaft.

Et ass Traditioun hei zu Schëffleng datt mer jidder Neigebuerene, wann d’Elteren dat och wëllen, e spezielle Kaddo maachen. Mer maachen dat doduerch, datt mer de neigebuerene Kanner en Uebstbam oder Uebststrauch schenken, deen hir Elteren hei zu Schëffleng planzen, sief dat op enger Fläch déi d’Gemeng zur Verfügung stellt oder doheem am eegene Gaart. Am Kader vun dëser Aktioun déi mer fir déi 20ste Kéier maachen hu mer vill Uebstbeem an och Uebststräich gesat. Mat dësen an aneren Aktiounen wäerte mer am Laf vun deenen 20 Joer ëm déi 1.000 Uebstbeem hei zu Schëffleng geplanzt hunn.

Mer wäerten och an Zukunft nach méi gezielt Uebststräich an de Wunngebidder planzen an eis Bierger do mat abannen.

Matt eisem Projet “urban gardening”, dee mer dëst Joer fir d’éischt lancéiert  hunn,  wëlle mer zesumme mat de Bierger, Uebst a Geméis an eise Quartieren uplanzen an esou erëm Loscht maachen fir lokal Uebst a Geméis selwer ze zillen an dëst och ze konsomméieren. Iwwer dat wat ee selwer uplanzt weess een datt et gesond a Vitamin räich ass a net mat Pestizide voll gesprëtzt ass.

Wann an der Press regelméisseg iwwer de Réckgang vun der Biodiversitéit geschriwwen a geschwat gëtt da woe mer ze behaapten, datt hei zu Schëffleng an de vergaangene Joren den Trend vun der Zerstéierung vu Biotopen gestoppt ginn ass an au contraire et zu Schëffleng haut méi a vill méi diversifiéiert Biotoper ginn ewéi virun der läschter Erhiewung.

Matt all eisen Aktiounen an och dem Réaménagement vun eise Grénganlagen mat Blummewisen, brénge mer och erëm méi Bléien an den urbane Raum. Dës Bléien bidde Liewensraim a Nahrung fir Beien an hëllefen och d’Beiepopulatioun erëm ze stäerken.

D’ Beien sinn e wichteg Glidd an der Natur. Sie suerge fir d’Bestäubung vun de Planzen an domadder sinn si haaptverantwortlech dofir datt Uebstbeem Friichten droen a Planzen sech vermehren. Wann d’ Beien dat net méi maachen, da kritt fréier oder spéider och de Mënsch e Problem fir sech ze ernieren a fir ze iwwerliewen. Deemno ass et wichteg eis Beien ze schützen, an hinnen nei Liewensraim ze schafen.

Nei Liewensraim schafen geet awer eleng net duer. D’Beien hunn ee grousse Feind an dat sinn d’Pestiziden déi nach vill ze oft an de Gärd agesat ginn. Als Gemeng hu mer dessidéiert keng Pestizide méi anzesetzen. An der Gemeng gi keng Fläche méi mat Pestizide gesprëtzt fir sougenannt Onkraut ze bekämpfen. Wichteg ass et datt och jidder Eenzelnen an Zukunft do mat mécht. Dofir maache mer en Appel un all eis Bierger fir ob all Ausbrénge vu Pestiziden ze verzichten.

Dëst Joer hu mer dessidéiert fir symbolesch een Uebstbam ze planzen an donieft och erëm Uebststräich, well mer feststellen datt dës net méi esou heefeg an eise Gärd ze fanne sinn, an eis Kanner net méi wëssen wou dat Uebst wat se iessen eigentlech hierkënnt. Mer planzen ob der Spillplaz am Pärchen Kréischelen, Hambier a Schwaarzbier an och Molbier. Gewënscht ass datt d’Kanner déi hei spillen, dës Friichten och iessen, natierlech gëllt dat och fir d’Elteren an d’Leit hei aus dem Quartier. Sou wei déi Sträich hei zesumme wuessen a Friichten droen, eng flott Mëschung vun ville verschiddenen Uebststräich, sou wënsche mer eis datt eis Communautéit déi sech och aus ville Nationalitéiten zesummesetzt an Harmonie zesumme ka wunnen a liewen.

Sou wei d’Kanner sinn och déi frësch geplanzte Sträich den Ufank vum Liewen.

Planzen unzillen a versuergen  fuerdert vill Gedold a Fleeg bis se ausgewuess sinn a Friichten droen. Och Kanner brauche vill Gedold a vill Léift fir sech richteg ze entwéckelen. Déi richteg Erzéiung bei de Kanner ass wichteg fir dass si sech zu deenen Mënschen entwéckelen déi der Gesellschaft an och deenen déi se gären hunn eppes zréck kënne ginn.

Flott ass et ze gesinn dass déi kleng Matbierger selwer scho Liewen erschafen;  jonkt Liewe kreéiert neit Liewen! Dës Sträich planze mer virun allem fir eise Nowuess, de neie Familljememberen an der grousser Famill ‘’Schëffleng’’. Duerch dës Aktioun hëllefen si all zesummen, mat hiren Eltere Schëffleng ze verschéineren. D’ lescht Joer si, wéi gesot 106 Kanner gebuer a mer hunn si an eiser Mëtt opgeholl. Vun hinnen hunn der 30 ob eisen Opruff geäntwert fir mat eis zesummen ze planzen an dëst weist, datt eis Aktioun nach ëmmer gutt ukënnt.