25.07.2017

Piraten an der Stein-Schoul zu Schëffleng

Et war dëst Joer schon fir d’fënneft, dat den 12. an 13. Juli 2017 an der Nelly-Stein-Schoul e Musical opgefouert gouf.

Dëst Joer krut de begeeschterten Public en Abléck an « Dat geheimt Liewen vun de Piraten ».

An dësem Stéck vum Andreas Schmittberger hunn ronn 100 Schüler aus den Zyklen 1 bis 4 gedanzt, virgespillt a gesongen, wéi aus enger grujeleger Trupp Piraten eng musékbegeeschtert Boy-Band gouf. Richteg: eng BOY-Band, well ouni Baart huet een net dierfen matmaachen… ausser natierlech der Prinzessin Filomena an hirer Gouvernante Donna Dolores, ouni déi eis Piraten zimlech schlecht drun gewiescht wären!

Fir di musikalesch Begleedung hunn, wéi all Joers, di Dozen Muséker aus dem Stein-Schoul-Live-Orchester ënnert der Leedung vum Marc Treinen gesuergt.

Di flott Dekoren waren vun den Léierinnen Natascha Lang an Jill Nürenberg, déi dobäi vun enger Rutsch Schüler gehollef kruten.

Regie gefouert hunn Claudine Treinen-Dahm an David Lauer. Ënnerstëtzt goufen si vun der ganzer Equipe aus der Stein-Schoul.

Um Enn huet den Publikum, ënnert hinnen d’Elterevertrieder aus der Stein-Schoul, den Schoulschäffen Paul Weimerskirch an den Schoulinspekter Marc Bodson, net mat Applaus geknéckt, sou dat et och nach eng Zugab gouf!