23.09.2019

Ofschlossfeier vun de Vakanzenaktivitéiten

De ganze Summer iwwer konnten déi Jonk tëschent 12 a 17 Joer am Kader vun de Vakanzenaktivitéiten u flotten Atelieren, Dagesausflich a Vakanzen deelhuelen. Den 20. Oktober war am Schëfflenger Jugendhaus d’Ofschlossfeier wou d’Participanten, zesumme mat hir Elteren, den Animateuren an d’Erzéier an de Memberen aus dem Gemengerot, de Summer unhand vu Fotoe konnte Revue passéiere loossen. Als perfekten Ofschloss vun engem Summer voller Abenteuer haten déi Jonk e Buffet voller gudder Platen virbereet.