12.06.2019

Nopeschfest

D‘Editioun 2019 vum Nopeschfest den 7. Juni konnt nees e grousse Succès verzeechnen. 24 Stroossen haten sech ugemellt an hunn trotz dem schlechte Wieder mat den Nopere zesummen gefeiert.

Säin Noper besser kenne léieren, seng eis vläicht net bekannte Kultur besser verstoen, seng Iessgewunnechten schmaachen oder einfach e puer flott Stonne zesummen verbréngen mat Laachen, Schnëssen, Danzen ………..all dëst gehéiert zu enger flotter Noperschaft dozou an soll och d’Zil vum Nopeschfest sinn.

           

Op de Foto’en di mär vun de Leit geschéckt kritt hunn (op dëser Plaz e grousse MERCI un si all) gesitt Dir flott Andréck aus der „Cité E. Mayrisch“, der „rue Belair“ an der „rue Michel Rasquin“.