01.01.2020

Neijoersgléckwënsch vum Här Buergermeeschter

Léif Matbierger vu Schëffleng a ronderëm

Mir soen 2019 Äddi a blécke mat Freed an Spannung op dat Neit Joer 2020. Et ass üblech sech all Guddes fir dat Neit Joe ze wënschen. 366 nei Deeg leie virun eis mat neie Chancën, neie Méiglechkeeten, neie Situatiounen, neien Hoffnungen, neien Aventuren a neien Geleenheeten, vläit och neien Dreeem!

Profitéiert einfach dowunner op Ärem Wee nei Frëndschaften ze schléissen, nei Iddeeën ze verwierklechen, nei Brécken ze schloen, … geet et dach drëm eist Zesummeliewe méi faarweg, méi convivial, méi oppen, méi waarmhäerzeg, méi conciliante a méi liewesfrou ze gestalten.

Et ass dat, wat zielt. Et ass dat, de Wee fir nach besser mateneen eens ze ginn. Versteesdemech weisen, Solidaritéit an Toleranz liewen, anerer mat an Boot huelen … dat alles ass de Wee fir eng besser Zukunft.

Iwwregens: Op den Dag haut leie mir bei 11355 Awunner, eng Schnappszuel! An dat vun ville Nationalitéiten,ënnerschiddleche Kulturen a Reliounen. Mir sinn eng lieweg multikulturell Gemeng, dank besonnesch och eisen Sport- , Kultur a Fräizäitveräiner – an dat soll och esou bleiwen – bei alle klengen a groussen Suergen, déi sech ab un zu weisen. Och eng Rei Flüchtlingen liewen ënnert eis, a sinn vun Häerze wëllkomm! Och si beräicheren op hir Manéier eis Gesellschaft, eis Liewesastellung, eis Kultur!!

Iwwerhap ass d’Kultur- an d’Sportsliewen eng wichteg Grondlag fir de Mateneen op stabil Féiss ze stellen. Wat fir de Sport a Kultur zielt, ass fir dat sozialt Schaffen net anescht. Et ass eng Chance, déi mir net verspille sollen.

Mir si gutt opgestallt hei zu Schëffleng mat eise bal 80 verschiddene Veräiner, mat eisem Fairtradeteam a mat eisen Bénévols ronderem Schëffleng Hëlleft, mat eise Beschäftegungsinitiativen. Schëffleng steet fir Solidaritéit no bannen a no baussen. Schëffleng, eng Gemeng mat engagéierten Bierger, am soziale Beräich, fir Ëmwelt a Natur ewéi och fir aktiv Entwécklungshëllef.

Mir sinn dat leescht Joer e vun de Centre de Promesse vum Télévie gewiecht, et war dat een Zeeche vu Solidaritéit mat de kriebskranke Matmënschen. Mir starten hunn eis nei Partnerschaft mat der Stad Marcala am Honduras op stabil Féiss gestallt a schaffen un konkreten gemeinsamen Initiativen fir dësen Engagement mat Liewen ze fëllen. Mat eiser eslsässescher Partnergemeng Drusenheim feiere mir dëst Joer de 50jäerege Jubiläum vum Jumelange. Mir bleiwe weiderhinn engagéiert fir Schëffleng Hëlleft. Merci allen, déi hei mat eng Hand upacken.

Schëffleng steet allerdéngs och fir aktiven Ëmwelt- an Naturschutz, an domatter och fir konkrete Klimaschutz. All Schëfflenger Bierger dréit op seng Manéier dozou bäi. Nei einfach esou si mir eng Klimapaktgemeng, déi als éischt urban Gemeng mat dem European Energy Award Golden ausgezeechent an elo kierzlech rezertifizéiert ginn. Net einfach esou si mir mat dem ClimateStar geéeiert ginn. Et ass den Engagement an et ass de Merci fir eng Politik, déi mir all zesummen ëmsetzen, fir eben méi eng propper Ëmwelt, fir eng méi gerecht Welt …

Schëffleng huet sech verännert an de leeschte Joeren. Nei Infrastrukturen, een neien Entrée an de Centre Ville, déi mat engem flotte Park verschéinert gëtt, nei Schoulen a méi Plazen an der Maison Relais sinn geplangt, … eisen Uertschaftszenter gëtt ëmgestalt a méi flott,

… net ze vergiessen, datt de Boulodrome an den neien Déierenasyl kuerz virun der Fäerdegstellung stinn!!

… et geet letztenendes drëm d’Wunn- a Liewesqualitéit op héighem Niveau ze garantéieren. Dofir soll och nees méi Gréngs an eis Uertschaft kommen, dofir ass d’Mobilité douce oder aktive eng kloer Prioritéit!!

Et sinn awer net eleng modern Gebeier an deier nei Infrastrukturen, déi de Mateneen ausmaachen, Et sinn och net déi kleng a grouss Streideren, oder déi béiswëllegen Behaptungen an Ënnerstellungen, déi eist gemeinsamt Liewe no vir bréngen. Neen et ass den oppen Geescht, et ass d’Versteesdemech, et ass d’Frëndschaft an d’Toleranz, et ass de Wëlle fir Brécken ze schloen, wat eis de Mateneen garantéiert.

Dofir all Guddes fir dat Neit. Sprangt mat Courage an dat Neit Joer, mat Gléck a Freed, da gëtt et wonnerbar. Gesondheet, Gléck an Zefriddenheet dierfen natierlech net feelen. Dat alles wënschen ech Iech all am Numm vum Schäffen- a Gemengerot vun Häerzen.

Hei kënnt Dir d’Ried vum Här Buergermeeschter um « Radio Gutt Laun » lauschteren: