23.11.2017

Merci un den Roland Schreiner

Um Donneschden, den 23. November 2017 ass de neie Schäffen- a Gemengerot no den Assermentatiounen definitiv agesat a offiziell funktiounsfäeg. Vun dëser Plaz dem ale Schäffen- a Gemengerot MERCI fir d’Aarbecht vun de leschte Joren.

E spezielle MERCI geet allerdéngs un eise laangjärege Buergermeeschter Roland Schreiner. No quasi 15 Joer Buergermeeschter vu Schëffleng huet hien decidéiert bei de Gemengewahlen net méi unzetrieden. E couragéierte Schrëtt, deem mir mat Respekt a Versteesdemech begéinen. De Roland Schreiner wëll eng nei Liewensetapp aschloen, sech vrun allem ëm seng Enkelkanner këmmeren, d’Zäit mat hinne verbréngen, do sinn fir seng Meedercher a Famill. Eppes wat sécherlech a senger aktiver an engagéierter Zäit gefeelt huet, vläicht och – ewéi vill aner Saachen – ze kuerz komm ass.

E Wuert vu Merci mat engem klénge Réckbléck:

Léiwe Roland,

während Jore – Du bass bei de Wahlen 1987 op Anhieb an der Gemengerot gewielt ginn a schonns véier Joer méi spéit 1992 hues Du d’Mandat vum Schäffen iwwerdroe kritt. An zéng Joer duerno 2003 hues Du d’Responsabilitéit als Buergermeeschter iwwerholl, Du hues dës net ëmmer einfach Aufgab also gutt 15 Joer ausgefëllt, no beschtem Wëssen a Kënnen, en âme et conscience . Bei de leeschten zwou Walen huet de Wieler Dech ëmmer nees op dësem Poste confirméiert. Dat ass jo keng Selbstverständlechkeet, dat ass och een Zeeche vu Kompetenzunerkennung a vu Vertrauen.

Während Denger bal 30järeger Carrière am Gemengen- a Schäfferot hues Du villes erlieft, mat ville Leit zesummegeschafft mat e.a. der Buergermeeschtesch Nelly Stein an enger ganzer Rei vu Schäffen a Conseilleren, Dammen an Hären, déi Dech mol méi oder ebe mol manner ënnerstëtzt hunn. Et war sécherlech ëmmer nees eng flott a spannend Zäit. Dat selwecht zielt fir Deng Zesummenaarbecht mat de Servicer!

Am Numm vun alle Kollegen aus dem Schäffe- an Gemengerot, wëll ech Dir fir dëse laangjäregen Asaz am Déngscht vun der Gemeng, zum Wuel vun de Matbierger, an am Intressi vum Veräins- a Gesellschaftsliewen e grousse MERCI soen. E Merci, dee vun Häerze kënnt, e Merci, deens Du méi ewéi verdéngt hues. Bal 30 Joer hues Du Deng Zäit, jo och Deng Fräizäit, fir d’Wuel vun der Allgemengheet, fir Deng Matbierger geschenkt a hierginn.

Du hues deemno ouni Zweiwel e Stéck Schëfflenger Geschicht matgeschriwwen a verwierklecht. Am Laf vun de leeschten 30 Joren huet Schëffleng, Deng Gemeng – Du bass hei op d’Welt komm, bass do opgewuess a bass een echte Schëfflenger Jong bliwwe – huet sech villes verännert, urbanistesch an infrastrukturell gesinn, allerdéngs och soziologesch betruecht. Ëmmer nees hunn déi Gewielten op nei Defis misste reagéieren. Aus enger knapp 8000 Awunner staarker Gemeng ass eng Stad gi mat nun iwwer 10 000 Awunner.

Nei Schoulen si gebaut ginn, eng Maison Relais, eis Sportsinfrastrukture sinn erneiert a moderniséiert ginn, d‘Infrastrukture lafend verbessert ginn, vill Leit hunn hei zu Schëffleng een Doheem fonnt … trotz dem Wuesstem ass onst Schëffleng, eng Gemeng mat Convivialitéit, wou d’Leit sech wuel fillen, a gären hei liewen. Alles dat ass och Däi Verdéngscht, sécherlech net eleng Däin, allerdéngs Du wors maassgeeblech mat dru bedeelegt. Mir sinn zudeem eng Gemeng, déi bekannt an och ausgezeechent ginn ass fir hiren Engagement fir d’Natur an d’Ëmwelt. Du hues Dech fir dat alles staark gemeet, a bass mat responsabel fir d’Wunn- a Liewesqualitéit an eiser Uertschaft.

Dat war alles net ëmmer einfach ëmzesetzen, natierlech huet net alles, wat ënnert Denger Regie geschitt ass, vun alle Säiten Zoustëmmung fonnt. Et ass och mol hefteg gestridde ginn, an et si sécherlech och mol haart Wierder gefall … allerdéngs ass dat am Endeffekt ëmmer am géigesäitege Respekt geschitt.

Roland, Du waars kee Buergermeeschter vun der Staang. Neen, Du waars e Buergermeeschter, deen op seng Aart a Weis a mat senger eege Perséinlechkeet, dësem Mandat säi Stempel opgedréckt huet, mat Kompetenz a Fläiss vrun allem. Du hues Deng Dossiere kannt, op an de Sitzunge vum Gemengerot oder an Entrevuë mat Veräiner oder soss wiem! Du hues Deng Gemeng kannt. Besonnesch Deng Aarbecht ronderëm d’Gemengefinanzen hues Du mat Bravour a Wäitsiicht erfëllt! Du hues fir all Mënsch, op kleng oder grouss Suergen een oppent Ouer gehat! Deng sozial Oder, Deng Mënschlechkeet, Däi Geescht u Solidaritéit waren an Dengem Schaffen ëmmer nees eng wichteg Ligne de conduite.

Jo, Du kanns och streiden an Dech géint Widderstänn duerchsetzen. Fir deen een oder anere wors Du vläicht och eng Reizfigur. Dat wat allerdéngs zielt, ass dat wat geleescht ginn ass, am Intressi vun der Saach, vu de Matmënschen, …. an dat war net wéineg!

Dofir e grousse Merci. Du hues mat Häerzblutt a Leidenschaft Deng Mandater, Deng Aarbecht an der Gemeng erleedegt. Merci. A wéi soen d’Leit, wann e eng Plaz opgëtt: mir wësse wat mir haten, mir wëssen net wat mir kréien.

Merci fir Deng Engagementer hei an der Gemeng, fir d’Leit dobaussen. Merci fir Däin Asaz iwwer d’Gemeng eraus. Merci fir Deng Zäit als Buergermeeschter.

Alles Guddes a vill Gléck an Denger neier Missioun fir d’Famill, an Denger Fräizäit!

Paul Weimerskirch