Share this...
Share on Facebook
Facebook

E mega Succès  haat e Samsden, den 8. Februar 2020 d’Aktioun „Stammzellespender“ die vun der Gemeng zesummen mat der „Association Don de Moelle Luxembourg“  organiséiert gi war.

Vill Schëfflenger Leit awer och ganz vill Leit aus dem ganze Land hatten de Wee op d’Schëfflenger Gemeng fonnt fir esou vläit den geneteschen Zwilling, net nëmmen fir de Rizo,  mä fir all aneren Leukämiekranken ze fannen.

         

816 Leit hun hir Solidaritéit gewissen a sech enregistréiere geloos.

 

Am Numm vun alle kranke Kriibspatienten soe mär Iech nach eng Kéier e riese grousse Merci.

Vlaicht kann mat Ärer Spend engem kranke Mënsch gehollef gin. Mär drécken hinnen all ganz fest Daumen.

E Merci geet awer och un die sellechen Fraiwelleger déi den Dag am Asaatz waren. Ouni sie hätt des Aktioun net esou reibungslos iwert Bühn kenne goen.

               

X