17.09.2019

Konveniat vum Joergang 1942/1943

70 Joer ass et elo hier, dass déi 26 Dammen an Hären zesummen an d‘Spillschoul gaange sinn, an dat hunn si den 13. September ënner anerem op der Schëfflenger Gemeng gefeiert, wou si vum Här Albert Kalmes empfaange gi sinn. Vill flott Anekdote vun deemools si nees an Erënnerung geruff ginn, an déi aktuell Erlierfnisser si natierlech och net ze kuerz komm.

Déi fréier Schouljoffer Juliette Claus an de fréiere Schoulmeeschter Erny Trauffler konnten dëst Joer aus gesondheetleche Grënn leider net dobäi sinn, mä hir Schülerinnen a Schüler vun deemools hunn op dem Dag besonnesch u si geduecht.

Mer wënschen hinne fir d’Zukunft nëmmen dat Bescht an hoffen, dass si fir hir zukünfteg Konveniater erëm an d’Gemeng komme fir ze feieren.