28.10.2019

Ferriminera 2019 – Konscht zesummen erliewen

Vergaangene Weekend stoung d’Schëfflenger Gemeng nees ganz ënnert dem Motto „Konscht zesummen erliewen“. Fir déi drëtt Editioun vum Ferriminera Festival hat eis Jugendkommissioun nees e flotte Programm op d’Been gestallt, mat kreativen Ateliere fir eis Jonk Matbierger an engem variéierten Owesprogramm iwwert dräi Deeg. No der offizieller Erëffnung vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch an dem President vun der Jugendkommissioun Gilbert Godart goung et Freides lass mat Concerte vun der Rock-Coverband ‚Teenie Tuss‘ an ‚De Läb‘, déi mat Lëtzebuerger Hip-Hop begeeschteren. Samschdes war d’Bühn reservéiert fir de Schëfflenger Alex Magar a säin DJ Duo AMFA. Sonndes war Familljendag: nodeems d’Erzielerin Betsy Dentzer d’Kanner an d’Eltere mat Geschichten an hire Bann gezunn huet konnte Jonk an Al an engem deels explosive Science-Quiz hiert Wëssen testen. Nei am Verglach zu den Editiounen 2015 an 2017 war, dass net nëmmen déi Jugendlech ab 12 Joer sech konnte fir d’Workshoppen aschreiwen, mee och déi ganz kleng sech an der Peinture, dem Mosaik, dem Kachen, dem Deejaying an dem Graffiti konnte probéieren. D’Resultater schwätze fir sech. Eng aner Neierung war, dass de ganzen Event op der Gemengeplaz stattfonnt huet an de Konscht-Festival domat an den Zentrum vun eiser Stad geplënnert ass. An der Fotosgalerie hei ënnendrënner kënnt Dir Iech e Bild vum Weekend maachen.