12.07.2018

Iwwerreechen vun Verdéngschtmedailen

All Joer ginn am Kader vun Nationalfeierdag Verdéngschtmedaile verginn. Dëst Joer konnt leider net jiddereen des Auszeechnung um Virowend vun Nationalfeierdag entgéint huelen. Aus dësem Grond gouf dës Zeremonie, den 12. Juli 2018, am klenge Krees nogeholl. De Buergermeeschter Paul Weimerskirch hat all concernéiert Mataarbechter op d’Gemeng invitéiert, fir hinnen hir Verdéngschtmedail ze iwwerreechen.

Dëst Joer goufe vum Gemengepersonal, de Gérard Schalk (25 Joer am Déngscht) an d’Patrice Frisch (25 Joer am Déngscht) ausgezeechent a vum Centre d’Intervention waren et de Pascal Fantini (25 Joer), de Vic Gomes (15 Joer), de Gilles Hüttner (15 Joer), de Jacoby François (30 Joer) an den Daniel Marzinotto (15 Joer).

De Buergermeeschter huet betount, dass all dës Mataarbechter iwwert all déi Joren, an deenen se am Déngscht vun der Gemeng geschafft hunn och een Deel vun deem Ganze gi sinn. Dës Leit géingen eng bedeitend Aarbecht am Service vun der Gemeng wei och am Service vun de Bierger leeschten, sou de Buergermeeschter weider.