20.06.2018

Informatik an der Schoul

Am Computersall vun der Albert Wingert Schoul hunn 24 Schëfflenger Schoulkanner aus den Hänn vum Buergermeeschter Paul Weimerskirch een Diplom kritt fir hir erfollegräich Participatioun um Informatikscours vum Code Club Lëtzebuerg; dëst ënnert der Leedung vum Claudio Mourato. De Code Club huet sech zum Zill gesat, de Schüler aus dem Enseignement fondamental op eng spilleresche Aart a Weis mat der digitaler Welt, mat der Informatik an de moderne Kommunikatiounsmëttel vertraut ze maachen.

Wärend enger Stonn an der Woch hunn sech d’Schüler reegelméisseg getraff fir een Abléck an d’Informatik awer besonnesch an d’Programmatioun ze kréien. Och verschidde Kenntnisser am Ëmgang mat der Elektronik stoungen um Ordre du Jour. Dëst éischt Erfarungen mat der Informatik a Programmatioun ware fir all Kanner intressant, flott a léierräich. Besonnesch innovativ war de selwer gebastelten elektronesche Roboter fir d’Fierwe vun Ouschtereeër. Des Weideren sinn néng Computerspiller am Scratch entwéckelt ginn. Eng éischt Approche mat der H.T.M.L. war e weidere Punkt aus dem Cours.

A Präsenz vun enger Rei Memberen aus dem Gemengerot huet de Paul Weimerskirch alle Kanner felicitéiert, den Elteren, dem Schoulservice an dem Chargée de Cours Claudio Mourato Merci gesot fir den Engagement. Den kompetenten Ëmgang mat der Informatik ass eng sënnvoll a pädagogesch wäertvoll Initiativ fir d’Kanner, déi wësse sollen, dat hannert dem Computer méi stécht ewéi Spillereien, esou de Buergermeeschter, deen ënnerstrach huet, datt och dat nächst Schouljoer Initiatioun fir Programmatioun an Informatik um Programm steet.