|
Présentation du projet de budget 2010 lors de la réunion du Conseil communal en date du 11 décembre 2009 par Monsieur le bourgmestre Roland SCHREINER Dir Dammen an dir Hären, léif Kolleginnen a Kollegen!
D’Elaboratioun vun engem Budget bedingt ganz vill Virbereedungsaarbecht, vill Reuniounen, Gespréicher, Reflexiounen an och couragéiert Decisiounen. Dat war och dës Kéier net anescht, an dofir well ech grad wéi déi Jore virdrun, fir d’alleréischt emol all eisen administrativen an technesche Servicer, déi bei der Ausaarbechtung an der Opstellung vun dësem Budget matgemaach hunn, Merci soe fir déi gutt a gewëssenhaft Aarbecht, déi si während Wochen, jo bal Méint, geleescht hunn, ënnert der bewährter Koordinatioun vum Romain Rehlinger. E spezielle Merci un all eis Chefs de service fir hir grouss Disponibilitéit, déi et erméiglecht huet, datt mer dat wichtegst Dokument vum Joer an den Délaien, déi mer eis gesat haten, prett hate fir Iech haut presentéieren ze kënnen.
De Budget ass awer net nëmmen dat wichtegst Dokument, wat mer am Joer erstellen, et ass virun allem dat Instrument, wat eis Aarbecht am Joer definéiert, a vun dohier muss et dann och mat der néideger Suergfalt a Responsabilitéit opgestallt ginn. Dat ass en Exercice, deen all Joers ëmmer erëm immens spannend an net einfach ass, an och opgrond vun der ëmmer méi grousser Komplexitéit um Niveau vun den Dossieren an de Prozeduren ëmmer méi schwéier gëtt. Ech mengen awer, dass eis och dëst Joer deen Challenge nees ganz gutt gelongen ass, an dass mer e Budget kënne virleeën, deen de legitimen Uspréch vun eise Bierger gerecht gëtt, eis Uertschaft weider no vir bréngt an eis finanziell Situatioun weider konsolidéiert. Fir d’Evolutioun vun de Finanze besser kënnen ze suivéieren, hu mer Iech och de Kont vun 2008 bei de Budget bäigeluecht. Dëse Kont ass virun e puer Deeg eréicht vun de Kontrollservicer vum „Intérieur“ kontrolléiert ginn, esou dass mer bis haut natierlech nach kee Rapport kënne virleien hunn an och keng Diskussioun kënnen driwwer féieren. Dir stellt awer fest, dass dëse Kont mat engem ganz positive Resultat ofschléisst.
Léif Kolleginnen a Kollegen!
E Budget as keng exakt Wëssenschaft. D’Opstelle vun engem Budget ass dofir natierlech ëmmer e Spagat, well esou en Exercice ëmmer ganz vill onsécher Komponente beinhalt. Zu engem ganz groussen Deel gëtt en natierlech vum allgemenge wirtschaftlechen Ëmfeld geprägt. An och dëst Joer ass dat net anescht. Wann een e Budget opstellt, da kann een déi makro-economesch Situatioun net ausser Uecht loossen, da kann een dat net maache lassgeléist vum konjunkturellen Ëmfeld an deem ee sech beweegt. Haut liewe mer an engem séier onsécheren Ëmfeld. An och wann d’OECD eis fir d’nächst Joer e Wuesstem vun 2,4% a fir 2011 vun 3,4% prognostizéiert, dann huet d’Finanzkris eis awer 2009 an eng wirtschaftlech Rezessioun eragefouert, där hir Auswierkunge mer an de Gemengen an den nächste Jore ganz sécher ze spiere wäerte kréien.
Zanter 1993 hunn ech d’Éier, an dëser Ronn, d’Finanzsituatioun vun eiser Gemeng ze kommentéieren. An deene 17 Kéieren, war déi wirtschaftlech Situatioun, déi eise Gemengebudget fierft, net esou ongewëss wéi haut. Nach ni war d’Ëmfeld an Europa a weltwäit esou onsécher, wéi dat de Moment de Fall ass. D’Inflatioun ass am Laf vum Joer geklommen an d’Situatioun um Aarbechtsmaart ass ugespaant. Trotz der Schafung vun ëmmer méi Aarbechtsplazen, geet d’Zuel vun den Aarbechtslosen ëmmer méi an d’Luucht. A ville Betriber ass Kuerzaarbecht ugesot, an och wann et nach net zu Entloossunge komm ass, esou ginn et dach vill Leit, déi haut scho manner an der Pei hunn, wéi dat nach virun e puer Méint, jo Wochen, de Fall war. A wéi et weider geet, ka kee mat Bestëmmtheet soen.
Déi Ongewëssheet deet eis nodenken. Dat mécht eis sécher muench Kappzerbrieches. Mir wëssen awer, dass mer op zolidde Féiss stinn. Mir si gutt opgestallt a mir huelen déi Erausfuerderungen, déi virun der Dier stinn, an déi op eis zoukommen, un. Mir liewen an enger flotter a moderner Gemeng. Vill gi mer vun aneren dofir beneit. Mir hunn d’Chance, villes ze hunn, wat anerer gären hätten. Dës dynamesch Gemeng entdecken ëmmer nei Leit, déi hei wëlle wunnen. Haut si mer zu bal 8.900, mat steigender Tendenz. Si si wëllkomm. Mir wëllen dat, wat mer hunn, mat hinnen deelen. An dat, waat mer nach wëllen, mat hinnen zesummen erschaffen.
Dat, wat mer hunn, koum awer net vum selwen. Vill gouf dorun an dofir geschafft. Heiansdo och gestridden. Et war ni ëmsoss. Mir leeën awer elo d’Hänn net an de Schouss. Neen, mir fuere mat deem selwechten Elan virun.
Eis Regierung huet op d’Finanzkris mat engem voluntaristesche Budget reagéiert, deen d’Investitiounstätegkeet vum Stat op engem héijen Niveau hält, d’Competitivitéit vun den Enterprisë stäerkt an d’Kafkraaft vun de Biergerinnen a Bierger steigert. Dat ass déi richteg Reaktioun, well all Form vu Spuerpolitik an Austeritéitsbudget géif de Réckgang vun der Economie verstäerken an d’Kris onweigerlech verlängeren. Genee dës Iwwerleeungen hu mer och gefouert, wou mer eise Budget opgestallt hunn.
Grad wéi de Stat, hale mer och elo, oder besser grad elo, un eisem Investitiounsplang fest. Mer liewen net vun der Hand an de Mond. Dat, wat mer fir eis lafend Käschten ze decken net brauchen, investéiere mer an d’Zukunft. All Investitioun kënne mer dobäi sécher net aus eegener Täsch bezuelen. Eis gutt Finanzsituatioun erlaabt eis, wa néideg, op Friemkapital zréckzegräifen. Dat hu mer an deene leschten 10 Joer oft gemaach. Dëst Joer brauche mer dat aller Viraussiicht no, net ze maachen.
A senger ministerieller Circulaire rifft den Inneminister eis op, eng streng Budgetsdisziplin un den Dag ze leeën, an der economescher Situatioun Rechnung ze droen. Mir huelen dat natierlech gären zur Kenntnis, well mer wëssen, dass virun allem och d’Gemengen hir Responsabilitéit ze iwwerhuelen hunn, wann et drëm geet, d’Objektiver vum Stabilitéitspakt an d’Kritäre vu Maastricht ze respektéieren. Wa mer awer d’Wirtschaft wëllen ukuerbelen, musse mer trotz allen Appeller fir ze spueren, weider investéieren. Dobäi däerfe mer awer net vergiessen, dass all Investissementer och an deene Joren duerno musse finanzéiert ginn, a wa mer wëssen, wou mer eis Finanzen hierkréien, da stelle mer ganz séier fest, dass mer eis als Gemengen do an engem geféierleche „Cercle vicieux“ befannen, an dass d’Kaz riskéiert sech an de Schwanz ze bäissen.
Wa vun 1986 bis d’Joer 2000 eise PIB an der Moyenne ëm ronn 6% pro Joer geklommen ass, sou waren dat manner wéi 3% tëschent 2001 an 2003. 2005 hate mer eng Croissance hei zu Lëtzebuerg vu 4,6%, fir 2006 vu 6,1% , fir dann am Joer 2007 op ronn 4,5% nees zréck ze goen. Am Joer 2008 hate mer guer kee Wuesstem a fir d’Joer 2009 leien d’Previsioune bei -4%. Déi Entwécklung huet natierlech Auswierkungen op d’Einnahmen vum Stat, mä och vun de Gemengen. Mir sinn do an enger ganz grousser Ofhängegkeet, déi mer natierlech ganz däitlech spieren a ganz sécher an deenen nächste Joren nach verstäerkt ze spiere wäerte kréien!
Fir ze illustréiere wéi ofhängeg d’Finanze vun eiser Gemeng vun den Einnahmen, déi mer vum Stat kréien, sinn, sief gesot, dass fir 2010 ronn 72,7% vun eisen uerdentleche Recetten aus der Gewerbesteier an der staatlecher Dotatioun resultéieren. Dat si fir 2010 ronn 17,7 Mio €, ronn 470.000 € manner wéi am Joer 2009, an esou guer 860.000 € manner wéi am Kont 2008. Et kann ee sech also liicht ausrechnen, wou de Wee hiféiert wann déi Einnahmen an der Zukunft weider reckläfeg wieren a mer déi net méi an där Gréissenuerdnung, wéi an der Vergaangenheet ze verbuchen hätten. Eisen uerdentleche Budget lieft also praktesch nëmme vun de Steieren, déi mer iwwert de Wee vum Stat an eis Keess kréien. A wann déi net méi an deem Mooss kommen, huet eis Keess den Hick.
Et ass also ganz kloer, dass mer bei de budgetäre Planungen, speziell an der heiteger Zäit, an ënnert der Considératioun vun enger éischter onsécherer Zukunft, weider virsiichteg musse virgoen. An deene leschte Joren hu mer eis zu Schëffleng eng finanziell Ausgangspositioun geschaf, déi gesond ass, déi eis et och haut erlaabt, massiv an d’Liewensqualitéit vun eise Bierger ze investéieren, eng Ausgangspositioun awer och déi eis net an Euphorie verfale loosse soll, dozou besteet och absolut kee Grond, an déi mer och net duerch oniwwerluechten Investissementer strapazéieren a liichtfäerdeg op d’Spill setze sollen.
Et war och dofir ganz kloer eis Suerg fir dës Premissen och dëst Joer beim Opstelle vum Budget fir dat nächst Joer ze behäerzegen, och wann et ëmmer méi schwéier gëtt d’Ausgaben ze kompriméieren, opgrond vun deene villen Obligatiounen déi mer als Gemeng mëttlerweil an eiser Gesellschaft hunn. A wie weess, wéi dës Obligatiounen no der ugeduetener territorialer Reform, sollt se dann eemol kommen, dann ausgesinn? Et sinn och dës Obligatiounen, déi op nationalem Plang dozou féiere mussen, dass mer an der zukünfteger Verdeelung vun de Steieren un d’Gemengen, op e System zréck kënne gräifen, deen eis Einnahme vill manner vulnerabel maachen, wéi dat haut de Fall ass.
Dofir solle mer och an der Zukunft weider déi eng oder aner «Dépense» kritesch hannerfroen, en Exercice, dee mer och am Kader vun dësem Budget, mat ganz groussem Erfolleg mengen ech, gemaach hunn. Dir hutt ganz sécher festgestallt wéi Der Iech de Budget ugekuckt hutt, datt mer et fäerdeg bruecht hunn, esou wéi mer et eis och zur Hausaufgab gemaach haten, déi Fonctionnementskäschten, op déi mer en direkten Afloss hunn, quasi anzefréieren. Dat gutt Resultat aus dem Kont 2008, mat engem Iwwerschoss vu 4,6 Mio € am ordinäre Service, ass och en Ausdrock dovun. Ech géif och dofir soen, datt dëse Budget äusserst realistesch opgestallt ass, virsiichteg opgestallt ass, an eisen finanziellen an technesche Méiglechkeete Rechnung dréit, eppes wat wichteg ass, wann ee sech fir d’Zukunft näischt wëll verbauen.
Eis uerdentlechen Ausgabe klammen am Budget 2010 ëm 3,23%. Wann een elo weess, datt mer eleng um Niveau vun der Masse salariale eng Augmentatioun vu ronn 6,75% hunn, hei spillt ënner anerem och eng Indextranche vun 2,5% fir d’Halschent vum Joer mat eran, da gesäit ee ganz séier, dass mer eis Hausaufgaben an deem Beräich gemaach hunn, wat dann och dozou féiert, dass mer am ordinäre Service, trotz réckläfege Steierrecetten, awer nach en Iwwerschoss vu ronn 1,41 Mio € hunn.
Déi réckläfeg Steierrecettë féieren dann och dozou, dass eis uerdentlech Einnahmen ëm 1,23% am Verglach zum Joer 2009, an ëm 3,31% par rapport zum Joer 2008, allerdéngs ënner Abezéiung vum Fonds de réserve fir déi genannte Joren, erofginn. Et muss ee wëssen, dass de Stat selwer fir d’Joer 2009, wat d’Verdeele vun de Steieren un d’Gemengen ugeet, vun enger Moins-value op der Recettesäit vu 35,5 Mio € a fir d’Joer 2010 vun 35,7 Mio € ausgeet. Speziell um Niveau vun der Gewerbesteier kréie mer dat däitlech ze spieren, mat prognostizéierte Mannereinnahme vun 13,51% am Verglach mam Joer 2008. Trotz dësen negative Prognosen, brénge mer et awer och am nächste Joer weider fäerdeg eisen Investitiounsvolumen héich ze halen, mat 9,13 Mio €.
Grad wéi déi Jore virdru stäipe sech dës Investissementer op Elementer déi Bestanddeel ware vun der Schäfferotserklärung vun dëser Majoritéit, an déi haut scho praktesch ganz erfëllt ass.
An deem Sënn verfollegt dann och de Budget 2010 zwee prioritär Objektiver:
Deen éischten ass dee vun der Kontinuitéit an der Realisatioun vu Projeten, déi alleguerten dozou bäidroen d’Liewensqualitéit an d’sozial Kohesioun an eiser Uertschaft weider ze verbesseren, an deen zweeten ass deen, dat ze maache wat a wirtschaftlech méi delikaten Zäiten Sënn mécht, nämlech weider ze investéieren am Kader vun enger anti-zyklescher Haushaltspolitik.
Ech hu gesot Kontinuitéit an der Realisatioun vu Projeten, ech denken do un éischter Linn un déi, déi entaméiert sinn, wéi déi am Beräich vum Stroossebau, de Bau vu Senioren- an Sozialwunnengen, d’Weiderverbesserung vun eiser Schoulinfrastruktur an eiser Sportinfrastruktur, an och eng Rei vun Initiativen am Energie- an Ëmweltberäich, wéi d’Renaturéierung tëschent dem Pudel an dem Brill, d’energetesch Verbesserung vum ale Sprëtzenhaus „um Wendel“ oder eng nei Cogeneratiounsanlag am Beräich vun der Michel-Rodange-Strooss. Mir plangen awer och weider un neie Projeten, wéi dem Ausbau vun der Ganzdagsbetreiung fir d’Kanner mat dem Bau vun enger neier Maison Relais a Kombinatioun mat neiem Schoulraum an enger separater Struktur, dann de Bau vun enger neier Piscine mat Turnsall an der Lydie-Schmit-Schoul oder eise Projet vun der Suppressioun vun de Barrièren. De Bau vun engem Iwwerlafbecken op der aler Héidenger Strooss ass dann och an deem Kontext ze gesinn.
Mer wëssen alleguer, dass d’Maison Relais e grousse Succès kennt, wat eng Confirmatioun ass vun der Richtegkeet vun eiser Decisioun op d’Besoinen an eiser Gesellschaft an deem Beräich kuerzfristeg ze reagéieren. D’Aféierung vun de „Chèques-service“ huet deen Drock nach verstäerkt. Déi 135 Plazen, déi zur Verfügung stinn, si praktesch ganz ageholl, esou dass eis bestehend Infrastrukturen, elo definitiv un hir Grenze stoussen. Mer mussen also weider denken, an dofir si mer och amgaangen um Bau vun enger neier Struktur ze plangen. An dat huet och fir eis eng absolut Prioritéit. Wat sinn awer elo déi eigentlech Schwéierpunkte vun de geplangten Aarbechten am Joer 2010? Et kann een soen, dass 4 grouss Projeten den ausseruerdentleche Budget vum nächste Joer dominéieren, an zwar de Bau vun der „Maison des Générations“(2.500.000 €), de Bau vum neie „Bâtiment multifonctionnel“ um Stade Jacoby (1.200.000 €), d’Renaturéierung vun der Uelzecht tëschent dem Pudel an dem Brill (1.200.000 €), an de Bau vum Iwwerlafbecken op der Héidenger-Strooss (950.000€). Di 4 Volete maachen eleng 5,9 Mio, also méi wéi d’Halschent vum gesamten Investitiounsprogramm aus.
Ech menge mir sinn eis eens, datt et eist gemeinsamt Zil muss si fir d’Liewensqualitéit an eiser Uertschaft weider kontinuéierlech ze verbesseren an eis Gemeng op déi zukünfteg Entwécklung virzebereeden. A wann ech soen „zukünfteg Entwécklung“, da wësst Der, dass, ob mat oder ouni „Pacte Logement“, eis Awunnerzuel sech rapid no uewe wäert bewegen. An deene leschte Joren ass immens vill an d’Stroosseninfrastruktur investéiert ginn, net nëmmen iwwert dem Buedem, mä och drënner. Dir wësst, dass mer z. B. an deene leschte Joren eist ganzt Kanalnetz sanéiert hunn zum Wuel vun eise Leit. Dës Politik wëlle mer am Kader vum Reaménagement vun de Stroossen am nächste Joer weiderféieren. An dësen Deeg ginn d’Aarbechten an der rue du Stade op en Enn, d’Belle-Vue-Strooss ass ofgeschloss, och wa se duerch de Préfinancement vu Sudgaz am Budget 2010 nach zu Buch schléit, an an der Mine-Strooss hunn d’Aarbechte virun e puer Wochen ugefaangen. Grad wéi bei der Belle-Vue-Strooss wäert och hei de Préfinancement duerch Sudgaz eis erlaben, d’Aarbechten zügeg kënne weider ze dreiwen. D’Investitiounen an eis Stroosseninfrastrukture belafe sech op insgesamt 1,43 Mio €, dat si ronn 15,66% vun eisem ausseruerdentleche Budget.
E ganz wichtege Projet as de Bau vun der „Maison des Générations“ an der Michel-Rodange-Strooss, wou mer 28 gereimeg Wunnenge fir jonk an eeler Leit wäerte schafen. D’Aarbechte wäerten an deenen nächste Wochen ugoen. Hei ass jo och de Bau vun enger neier Cogeneratiounsanlag mat virgesinn, wat an der Linn läit vun eiser Philosophie fir eis Energieeffizienz weider ze verbesseren. An dann as dat hei och quasi deen éischte Projet, wou mer déi Suen, déi mer aus dem „Pacte Logement“ kréien, erëm kënne weider investéieren.
Um Beispill vum Bau um CAS-Terrain gesitt der, dass mer och weider punktuell an eis Sportinfrastrukturen, do wou et néideg ass, investéieren. Dëse Bau kascht eis insgesamt ronn 2 Mio €, wat awer net nëmmen en Invest an e Veräin mat enger grousser Traditioun , mä virun allem och en Invest an eis Jugend bedeit. Och sinn déi al Vestiairen um Terrain 2 zimlech vétuste, esou dass mer och do mussen no Léisunge sichen. An och an der Sportshal maache mer verschidden infrastrukturell Verbesserungen. A speziell investéiere mer och an eis Tennishal fir do dem Veräin nach aner Trainingsméiglechkeeten ze ginn. Ronn 1,7 Mio € sti fir eis Sportsanlagen dëst Joer am Budget, dat sinn 19,29% vun den „Dépenses extraordinaires“. D’Refectioun vum Club House vun eisem Pétanque Veraïn steet och nach ëmmer op eisem Programm, allerdéngs musse mer hei eisen neie PAG ofwaarden ier mer hei kënnen aktiv ginn. Mir wäerten dëst Joer awer dobannen den Ustrach erneieren.
A propos PAG. Op dee waarde mer jo scho laang. Mer hunn do virun e puer Wochen den éischten Avis vun der „Commission d’aménagement“ kritt. Opgrond vum Avis hu mer eng Rei vun Upassungen an och nach nei Iwerleeunge mat erabruecht, esou dass mer elo op den „Avis complémentaire“ vun der Kommissioun waarden, ier mer an der Prozedur kënne wiederfueren.
Matt ronn 50.000 € schléit am Budget 2010 de Bau vun der neier Schwemm an dem Turnsall an der Lydie-Schmit-Schoul zu Buch. Vu dass mer jo hei nach an der Prozedur sinn, an den definitive Projet nach net gestëmmt hunn, wäert et awer hei nach e bëssen dauere bis et mat den Aarbechte lassgeet.
Ganz nei Weeër hu mer jo bekanntlech bei der Realisatioun vun engem Skate-Park fir eis Jugend ageschloen, dee mer de 24.Oktober ageweit hunn. Hei hu mer jo eng Konventioun mat der Escher Gemeng ofgeschlooss, fir dass mer dëse Projet am Kader vun enger interkommunaler Zesummenaarbecht gemeinsam konnten verwierklechen. Gemeinsam verwierklechen heescht natierlech och gemeinsam finanzéieren, a sech déi entspriechend Subsidien dann och deelen. De Ministère, dee fir d’Jugend zoustänneg ass, iwwerhëlt jo bekanntlech 50% vun de Käschten.
Dann ass natierlech och d’Weiderféierung vun der Planung fir d’Realisatioun vun eisem grousse Projet «Nouvel Accès Centre Ville» an Ofschafe vun eisen 3 Barrièren ee bedeitend Element am Budget 2010. De Regierungsrot an d’Chamber hu jo bekanntlech scho méi laang hire prinzipiellen Accord ginn. E Gesetz brauch awer elo net méi gestëmmt ze ginn, well jo de „Seuil“, deen dat noutwendeg gemaach hätt, am Kader vum „Konjunkturpaket“ vun der Regierung vu 7,5 Mio op 40 Mio € ugehuewe ginn ass. Mat deene ronn 15 Mio €, déi de Stat bei eise Projet wäert bäileeën, leie mer do däitlech drënner. Ech hoffe just, dass mer an de Prozeduren elo net nach weider Zäit verléieren, fir dass mer esou séier wéi méiglech mat den Aarbechte kënnen ufänken. Mir hunn haut de mueren de PAP provisoresch gestëmmt, an eréischt wann déi Prozedur ofgeschloss ass, kann de Remembrement vun den Terraie finaliséiert ginn. Dëst Joer schléit dëse Mega-Projet, respektiv déi virbereedend Aarbechten dozou, mat ronn 1.218.000 € zu Buch, woubäi awer schonn eleng 950.000 € op de Kont vum Iwwerlafbecke ginn, dee mer an der Héidenger Strooss wäerten uleeën.
Zënter dem 1. Juli hu mer mam „Parking résidentiel“ en neie Stationéierungskonzept am Zentrum vun eiser Uertschaft agefouert, mat dem Zweck fir eis ugespaante Parkplazsituatioun ze entschäerfen, am Intérêt vun eise Geschäftsleit an hire Clienten. Ech mengen, dass dëse Konzept sech bewäert huet, well mer awer elo eng aner, eng méi rationell Notzung vum Parkraum feststellen. Déi regelmässeg Kontrollen duerch eise „Peschert“ droen natierlech och dozou bäi. Et muss elo drëm goen, fir dëse Konzept op eventuell Schwaachstellen ze analyséieren, an dann am Dialog mat eise Biergerinnen a Bierger déi eventuell noutwendeg Upassunge virzehuelen.
Och wëlle mer de Problem vum Ofstelle vun de Camionetten, déi oft vill Parkraum beleeën, upaken. Dat néidegt Verkéiersreglement hu mer jo scho virun e puer Wochen am Gemengerot gestëmmt. Esou bal d’Approbatioun vum „Intérieur“ virläit, kann dat dann och a Kraaft trieden, an dann ass et nach just erlaabt zu deenen definéierten Zäiten d’Camionetten hannert dem „Terrain 1“ ofzestellen.
Och am Ëmweltberaïch, wou mer eis zënter gutt 12 Joer zu enger Mustergemeng entwéckelt hunn, wëlle mer weider Akzenter setzen duerch eng Rei Initiativen, déi sech un déi aus deene leschte Joren ureien. Hei gëllt eis Opmierksamkeet virun allem weider dem Energieberäich, wou mer weider wëlle mat guddem Beispill virgoen, an och selwer versichen, niewent der Sensibiliséierung fir d’Privatleit, duerch geziilte Moossnahme bei eis selwer Energie anzespueren. Mir maachen dat duerch Investitiounen an der Sportshal, mer maachen dat duerch d’Isoléierung vum Gebai „um Wendel“ a mer maachen dat mat engem anere Konzept bei eiser Stroossebeleuchtung. An déi nei Cogeneratiounsanlag fir „d’Maison des Générations“ an d’Albert-Wingert-Schoul, reit sech an déi Bestriewungen an. Ech wëll och drun erënneren, dass beim Bau vum neie Gebai um Stade Jean Jacoby virgesinn ass, eng Holzschnëtzelheizungsanlag anzebauen.
Als Klimabündnisgemeng, an och als Gemeng déi d’Charta vun Aalborg ennerschriwwen huet, hu mer eis verpflicht, eis CO2-Emissiounen duerch entspriechend Moossnahmen ze senken. E gutt Instrument fir dat och kënnen ze maachen, ass d’Promotioun vum öffentlechen Transport. Mir hunn hei zu Schëffleng eng gutt Ubannung un déi öffentlech Transportmëttel, ob dat Bus oder Bunn ass, mat héije Frequenzen an all Richtungen. Den Aménagement vun enger zweeter CFL-Haltestell, tëschent de Citéen „Op Soltgen“ an „Op Huddelen“ wäert dës Situatioun nach weider verbesseren. D’CFL als Bauherr wäert am Laf vum Joer 2010 mat den Aarbechten ufänken. Duerch begleedend Moossnahme wäerte mer dofir suergen, dass eventuell Nuisancë fir déi direkt Ureiner, op e Minimum reduzéiert ginn.
Duerch d’Aféierung vun eisem S-Bus am Juni 2005, wollte mer eise Beitrag zur Entschärfung vun der ugespaantener Verkéierssituatioun an der Uertschaft leeschten. Dat ass eis awer nëmmen zum Deel gelongen. Dofir hu mer am Joer 2009 de Konzept emgewandelt an e kombinéiert Ugebuet vun S- a Ruffbus, fir op déi Manéier eng besser Akzeptanz vun dësem Service ze kréien. Während de Ruff-Bus sech enger ëmmer méi grousser Beléiftheet erfreet, huet den S-Bus, deen op der Linn fiert, kee Succès, esou dass mer ab dem 4.Januar vum nächste Joer, nach just den S-Bus als Ruff-Bus fuere loossen, vu mueres 7 Auer bis owes halwer 7, mat enger Ënnerbriechung tëschent 12 Auer an halwer 2. De Ruff-Bus bleift och an der Zukunft weiderhi gratis.
Ech hunn éinescht schonn ugeschnidden, dass mer mat Schmerzen op eisen neie Bebauungsplang waarden. Mir si jo do an der Prozedur dran an hoffen, dass déi net all ze laang méi dauert, fir esou séier wéi méiglech en neit a modernt Instrument zur Verfügung ze hunn, mat deem mer déi zukünfteg Entwécklung vun eiser Gemeng kënne steieren. Parallel dozou wäerte mer dann och un der Neifaassung vun eisem Bautereglement aus dem Joer 1973 schaffen, fir datt déi zwee Instrumenter zesummen a Kraaft kënnen trieden.
Deen neie Bebauungsplang ass jo esou opgestallt, dass en eis Gemeng urbanistesch nei opstellt an e moderate Wuesstem zouléisst. An deem Kontext soll d’Schafe vun zousätzlechem Wunnraum gesi ginn. Mir hunn den 11. Dezember 2008, esou wéi de Gemengerot eis et ermächtegt huet, de „Pacte Logement“ ënnerschriwwen. Heimat hu mer eis engagéiert, eis aktiv an d’Problematik vum Wunnengsbau anzeklinken. A wa mer dann och doduerch positiv finanziell Retombéeën hunn, dann huele mer dat gäre mat. Dës Sue kënne mer gutt gebrauchen, fir erëm frësch ze investéieren. Ronn 1,2 Mio € hu mer fir d’Joren 2009 an 2010 als Einnahm an de Budget geschriwwen. Dës Sue resultéieren aus dem Awunnerzouwues vun de Joren 2008 an 2009, dat awer nach net ofgeschloss ass. An dës Sue kënne mer integral an eis „Maison des Générations“ zréck investéieren.
Zur zukünfteger Entwécklung vun eiser Gemeng gehéiert och eis Geschäftswelt, déi et schwéier genuch huet, an déi mer wëlle revaloriséieren. Opbauend op d’Etüd iwwert d’Stäerkten an d’Schwächte vun eisem Commerce, wëlle mer och weider zesumme mat dem Geschäftsverband am Kader vun enger definéierter Struktur, dem sougenannte SPAS, weider dru schaffen eis Attraktivitéit op dem Plang ze verbesseren. Wat déi nei „Zone d’activité commerciale et artisanale“ (Op Herbett) ugeet, esou si mer jo nach ëmmer mat engem negativen Avis vum Landesplanungsministerium konfrontéiert, allerdéngs si mer no deene leschte Gespréicher mam Minister gudder Hoffnung, dass den Dossier elo debloquéiert ass. Déi verlaangte Mobilitéitsetüd ass ofgeschloss, an domat hoffe mer dann all Virbedingungen erfëllt ze hu fir endlech den Accord vun den Instanzen ze kréien. Ech menge soen ze kënnen, dass dës Zon op alle Fall IVL-konform ass.
Mir hunn also nach vill vir an der nächster Zäit. Et muss nach vill investéiert ginn, mä ech mengen, wann een d’Zuelen analyséiert, da gesäit een, datt trotz héijen Investitounen a mat enger stabiler Situatioun um Niveau vun der Gemengeschold, mir et wäerte fäerdegbréngen eis Finanze weider ze konsolidéieren.
Ech hunn éinescht gesot, dass mer och dat nächst Joer nees dat maachen, wat a wirtschaftlech schwieregen Zäite Sënn mécht, nämlech investéieren am Kader vun enger anti-zyklescher Politik. Eis Gemengeschold wäert am Joer 2010 awer net weider klammen. Si wäert Enn 2010 bei 32,47 Mio € leien, wat enger Pro-Kapp-Verscholdung vu ronn 3.608 Euro entsprécht a sech bei Annuitéite vu 10,52% zu den uerdentleche Recetten, weider a Sphäre beweegt, déi fir eis Gemeng keng dramatesch Belaaschtung duerstellt. Et muss een dat am Hannerkapp behalen, wann een un déi Projeten denkt, déi nach op eis duerkommen an deenen nächste Joren, an déi eis och nach vill Geld wäerte kaschten, wéi z. B. d’Suppressioun vun de Barrièren oder och den Ëm- an Ausbau vun dem heitege Seniorenheem, an och de Bau vun der neier „Maison relais“.
Mir hunn haut hei zu Schëffleng eng bestëmmte Liewensqualitéit erreecht duerch déi Politik, déi an de leschte Jore gemaach ginn ass. Ech widderhuele mech, wann ech soen, dass mer eise Leit vill bidde kënnen, mir hunn eng gutt a performant Sportinfrastruktur, um kulturelle Plang gi vill Aktivitéite gemaach, mir hunn eng gutt Ubannung un d’Netz vun den öffentlechen Transportmëttelen. Och eis eeler Leit fille sech wuel an eiser Uertschaft, eis Kanner si gutt opgehuewen an de Schoulen a Crèchen an och soss, fir eis Jugend hu mer nei Ugebueter geschaf, ech denken do och un de Jugendgemengerot, deen eis muer seng Projete wäert virstellen. Jee, alles an allem si mer eng attraktiv Gemeng, wat jo och doduerch dokumentéiert gëtt, datt eis Awunnerzuel stänneg an d’Luucht geet (9.000 Anwunner Enn 2010). Mir wëssen awer och, datt dëse Wuesstem vun eiser Uertschaft vill Problemer mat sech bréngt. Problemer bei der Schoul, den Infrastrukturen, beim Waasser, beim Müll, beim Kanal, beim Verkéier. Un eis alleguerten ass et fir och an der Zukunft Léisunge fir dës Problemer ze fannen. Ech mengen, datt mer et fäerdegbruecht hunn, an de leschte Joren, an och an dësem Budget, eng Rei weider Akzenter an déi richteg Richtung ze setzen. Akzenter, déi an där Envergure awer nëmme méiglech sinn, well mer an der Vergaangenheet gutt gewirtschaft hunn, well mer ëmmer suergfälteg mat eise Fonctionnementskäschten amgaange sinn, an de Käschtendeckunsprinzip am Déngschtleeschtungsberäich héichgehalen hunn.
Dëst Joer ginn eis uerdentlech Ausgaben ëm 3,23% an d’Luucht. Dat bewegt sech an der Rumm vum wirtschaftleche Wuesstem, an hält sech domat a Grenzen, zemools wann ee weess, dass eleng eis „Masse salariale“, ech hunn et gesot, ëm ronn 6,75% klëmmt – fir d’Halschent vum Joer soll jo och eng Index-Tranche erfalen – wat natierlech en Impakt op eis uerdentlech Ausgaben huet. Et muss een awer och gesinn, datt duerch d’Schafe vun zousätzleche Posten an deene leschte Joren an eiser Administratioun mer fir eis Bierger eng „Plus-value“ geschaf hunn a stänneg nei Déngschtleeschtunge kënnen ubidden, déi een natierlech net direkt ka quantifizéieren. Haut beschäftegt eis Gemeng 141 Leit, d’Léierpersonal net mat agerechent. Ech wëll awer och direkt dobäi soen, dass et net eis Ambitioun ass, d’Zuel vun de Leit, déi op der Gemeng schaffen, nach weider an d’Luucht ze dreiwen.
Wa mer den Impakt vun der Lounmass emol neutraliséieren, da gesi mer datt mer et fäerdegbruecht hunn eis aner Fonctionnementskäschte méi wéi am Grëff ze behalen. Eng Erkenntnis déi net onwichteg ass, an et ass och nëmmen esou wéi et mëttelfristeg geet! Ech wëll awer direkt dobäi soen, dass mer der Meenung sinn, dass een an dem uerdentleche Budget sécher nach méi kann eraushuelen. D’Konsumausgabe sinn héich, an dofir wëlle mer hei am Haus all zesummen dru schaffen, eng riguréis Analys vun eisen Ausgaben ze maachen, dat mat enger „Obligation de résultat“ déi mer eis selwer operluet hunn.
Wéi gesinn elo awer déi wichtegst finanztechnesch Zuelen an dësem Budget aus?
Et ass elo net meng Aufgab, Artikel fir Artikel ze kommentéieren, jiddereen hat d’Geleeënheet, dat Dokument ze studéieren a jiddereen huet sech och bestëmmt seng Gedanken driwwer gemaach. De „Commentaire“ zu deenen eenzelnen Artikele beäntwert wahrscheinlech jo och muench Froen, hoffen ech zumindest, fir de Rescht verweisen ech op d’Diskussioun vum Budget den nächste Freideg op dëser Plaz. D’Finanzkommissioun huet sech jo och den 30. November d’Dokument ugekuckt.
Ech wëll versichen, elo e bësse méi eng global Approche vum finanztechnesche Standpunkt auszemaachen, an dobäi awer och eenzel Schwéierpunkten erausgräifen a kommentéieren.
Fänke mer mol vläicht mat den Eckwäerter un. Am Budget rectifié vum Joer 2009, hu mer op der Säit vun de Recetten am ordinäre Service ronn 24,64 Mio € géintiwwer ronn 25,23 Mio € am Budget initial, dat ass e Minus vun 2,36 %. Op der Säit vun den „Dépensen“ hu mer do 22,21 Mio € géintiwwer 23,48 Mio € am „initial“ wat engem Minus vun 5,40% entsprécht, wat als Konsequenz huet, datt mer de Budget rectifié am ordinären Deel mat engem Boni vu ronn 2,43 Mio € ofschléissen. Dat ass natierlech eng ganz positiv Entwécklung par rapport zum „initial“, wou mer bei 1,76 Mio € loungen. Beim Kont 2008 lounge mer allerdéngs bei 4,64 Mio €. Et muss een awer wëssen, dass am Kont 2008 e Réckgrëff op de «Fonds de Réserve» an enger Héicht vun 1.265.000 Mio € zu Buch schléit, während et der am „Budget rectifié 2009“ just 435.000 € sinn, déi mer an eise Budget integréiert hunn.
Am extraordinären Deel vum „Budget rectifié“ hu mer 7,11 Mio € u Recettë géint 7,95 Mio € déi virgesi waren ugangs dës Joers, dat ass e Minus vun 10,51 % deen doduerch ze erklären ass, well eng Rei vu staatleche Subventiounen an dësem Joer net wéi geplangt erakomm sinn.
Bei den Ausgaben am „Extraordinaire“ hu mer 11,84 Mio € géintiwwer 12,27 Mio € am „initial“, dat si ronn 3,50 % manner wéi virgesi war bis elo, woubäi een awer muss berücksichtegen, datt déi 11,84 Mio € dat beinhalten, wat am Budget initial stoung an deene „Modifications budgétaires“ an „Reports d’exercice“ déi am Laf vum Joer dobäikomm sinn, Rechnung dréit. Wa mer dann eise Kont maachen, da gesi mer, datt mer, verrechent mam Boni aus dem Kont vun 2008 vun 2,44 Mio €, eis en Iwwerschoss am Budget rectifié bleift vu ronn 145.324,57 €.
Wat elo eis Previsioune fir 2010 ugeet, esou hu mer am «uerdentlechen» Deel Recettë vu 24,33 Mio € virgesinn, dat sinn 597.052,47 € oder 2,36% manner wéi am „Rectifié 2009“. Wa mer awer emol am Budget rectifié de Fonds de Réserve vun 435.000 € erausrechnen, da ginn d’Einnahmen 2010 ëm 0,54% an d’Luucht. Wann een déi 2 Exercicer richteg matenee wëll vergläichen, ass och dat de richtege Referenzwäert. Par rapport zum Kont 2008, wier et eng Augmentatioun vun 1,81%.
Am uerdentleche Budget mécht sech natierlech de substantielle Réckgang vun de Steierrecettë bemierkbar, woubäi ee muss soen, datt mer an de Budget genee dat ageschriwwen hunn, wat mer vum Ministère an der Circulaire budgétaire recommandéiert kréien, d. h. 13,51% manner bei der Gewerbesteier, respektiv 1,05% méi bei der staatlecher Dotatioun, wéi am Joer 2008. An Zuelen ausgedréckt ass dat e Minus vu 470.000 € par rapport zum rektifizéierte Budget 2009 an 860.000 € manner wéi am Joer 2008.
Bei den Ausgaben hu mer 22,93 Mio € ageschriwwen, wat e Plus vu 717.764,34 € oder 3,23% ausmécht par rapport zum Exercice 2009. Dëse Plus resultéiert praktesch exklusiv aus der Augmentatioun vun der Lounmass, déi mat engem Plus vu ronn 660.000 € am Verglach mat 2009 budgetiséiert ass. Dës Augmentatioun geet zu engem groussen Deel zréck op den Enseignement, wou mer och no der Schoulreform nach ëmmer 1/3 vun de Gehälter bezuelen. Hei sinn d’Effektiver an d’Luucht gaangen an och speziell déi nei Gehälterbestëmmunge beim diploméierte Léierpersonal schloen hei zu Buch. Géife mer d’Lounmass neutraliséieren, da géife mer gesinn, dass eis Fonctionnementskäschten insgesamt esou guer géifen erofgoen.
E Minus vun 1,23% (oder e Plus vun 0,54%, ouni Fonds de Réserve) bei de Recetten, e Plus vun 3,23% bei den Ausgaben, den uerdentlechen Deel vum Budget entwéckelt sech also net onbedéngt ganz positiv, och wann e sech global gesi resuméiert op e Réckgang vun de Steieren an eng Steigerung vun der Lounmass. E schléisst mat engem Boni vun 1,41 Mio € of, wat schonn emol besser war, awer och net extrem schlecht ass, mä mat deem mer eis awer net däerfen zefridde ginn. D’Tendenz, an dat kann een iwwer Jore verfollegen, ass éischter réckleefeg, och wa mer, an dat ass positiv, am Kont ëmmer erëm méi e grousse Boni kënne feststellen. Mä dofir musse mer fir d’Zukunft oppassen, den uerdentleche Service nach weider hannerfroen, well den Iwwerschoss am ordinären Deel ass a bleift d’Basis fir den Investitiounsvolumen ze definéieren.
An da si mer beim ausseruerdentleche Budget, wou mer Einnahmen hu vu 7,86 Mio € (dovun eleng 5,6 Mio u staatleche Subventiounen) géintiwwer Ausgaben an der Héicht vun 9,13 Mio €, wat eis fir den Exercice 2010 selwer zu engem Boni vun 135.048,16 € komme léisst, e Boni, dee mer awer verrechne musse mam Boni vun 145.324,57 € aus dem Joer 2009, esou datt wann all Previsioune géife stëmmen, de Budget 2010, ofschléisst mat engem Gesamtboni vun 280.372,73 € .
Wéi scho bemierkt ass awer d’Réckgrat vum Budget natierlech den ordinären Service, wou mer also feststellen, datt eis Einnahme par rapport zu 2009 ëm 0,54% (ëmmer de Fonds de Réserve am „Budget rectifié“ ausgeklammert) an d’Luucht ginn, an d’Ausgaben och an d’Luucht ginn ëm 3,23%, also eng éischter defavorabel Entwécklung, déi dofir och weider kritesch muss hannerfrot ginn, wa mer och an der Zukunft wëllen duerch eng virsiichteg Finanzpolitik eis Investitiounskapazitéite weider ofsécheren. Dräi Facteure sinn hei ze ernimmen: 1) Eng Evolutioun vun der Lounmass, op déi mer awer praktesch keen Afloss hunn; 2) Héich „charges financières“, bedéngt duerch eng net ze ennerschätzend Verscholdung, och wa mer déi dëst Joer ofgebremst kréien, an 3) eigentlech Konsumausgaben, déi mer zimlech gutt am Grëff hunn, well si sinn net Schold drun, dass d’Ausgabe klammen.
Bei den uerdentlechen Einnahmen hunn, trotz Réckgang, och an dësem Budget nees den Haaptimpakt d’Gewerbesteier an d’Staatssteieren, déi mer erakréien: Déi 2 Posten eleng maachen 72,73% vun de „Recettes ordinaires“ aus, dat ass allerdéngs e Minus vun 1,01% par rapport zu 2009. D’Gewerbesteier eleng mécht an deem Pak nach just 25,89% aus, an d’staatlech Dotatioun 46,84%. D’Gewerbesteier huet sech an de leschte Joren éischter lues weider entwéckelt, vu 5,08 Mio am Joer 1998 iwwer 5,32 Mio am Joer 2002, bis zu 5,99 Mio € am Joer 2003, 6,0 Mio (2004), 6,2 Mio (2006) an elo 6,3 Mio am Joer 2010. D’Dotatioun vum Stat huet méi eng positiv Entwécklung matgemaach, vu 5,36 Mio € am Joer 1998 iwwer 5,95 am Joer 2000 bis zu 7,20 Mio am Joer 2003, 8,1 Mio (2004), an 9,58 Mio (2006) bis hin zu 11,4 Mio am Joer 2010. Mir kréien am nächste Joer am ganze ronn 17,70 Mio € vum Stat, dat si ronn 500.000 € manner wéi 2009, ëmmer ënnert der Berécksichtegung, datt d’Estimatioune vum «Intérieur» der Realitéit entspriechen, wann herno ofgerechent gëtt.
E ganz groussen Impakt bei den Einnahmen hunn natierlech och déi verschidden Taxen, déi mer vun eise Matbierger erhiewen «en contre-partie» vun Déngschtleeschtungen, déi mer als Gemeng erbréngen.
Et ass bekanntlech e wichtege Prinzip, datt wann een eng seriö Budgets-a Finanzpolitik wëll maachen, da muss ee versichen bei de Konsumausgaben am Déngschtleeschtungsberäich esou wäit wéi méiglech de Käschtendeckungsprinzip ze respektéieren. Natierlech sinn do virun allem de Müll, de Kanal an d’Waasser viséiert, well déi dee gréissten Impakt hunn. D’strikt Applikatioun vum Käschtendeckungsprinzip an d’Kontrolléiere vun de Konsumausgabe sinn zwee ganz entscheedend Elementer, déi eis hëllefen ze garantéieren, datt och an der Zukunft d’Ausgaben am Déngschtleeschtungsberäich keng Barrière solle si fir d’Investitiounspolitik vun eiser Gemeng.
D’Zuelen, déi mer souwuel am „Rectifié 2009“ wéi am Budget 2010 an deene Beräicher virfannen, beweisen, dass déi Taxenupassungen, déi mer virun e puer Joer gemaach hunn, richteg waren. Mer hunn awer net nëmmen Taxen ugepasst, mä och wéi z. B. beim Müll versicht, verstäerkt dem Prinzip vum «Pollueur-payeur» gerecht ze ginn. Mä mer hunn awer och eise Service um Bierger verbessert, doduerch dass mer de Pabeier an de Karton, ähnlech wéi schonn d’Glas an de Plastik, all Woch ewechhuelen loossen, anstatt wéi dat virdrun de Fall war, all zwee Méint.
Beim Kanal a beim Waasser hu mer déi lescht Woch hei am Gemengerot bekanntlech zimlech substantiell Erhéijunge gestëmmt, ausgehend vum neie Waassergesetz, wat en neie Berechnungsmodus definéiert. Mir hunn an deem Beräich awer och während laange Jore keng Upassunge virgeholl. Mir hunn dat awer och net bräichten ze maachen, well mer ëmmer, an der Logik vum ale Berechnungsmodus, käschtendeckend geschafft hunn. Elo gesäit d’Welt natierlech anescht aus. Eise Waasserpräis klëmmt op 2,25 € an d’Ofwaassertaxe op 1,93 € pro m3 Waasser op den 1.Januar 2011, eng Erhéijung, déi mer jo an zwou Etappe wëlle maachen. Mat deenen Taxe leie mer awer nach wäit ënnert deenen, wat aner Gemenge froe mussen. Hei profitéiere mer natierlech och vun de geographesche Parameteren an eiser, territorial gesinn, klenger Gemeng. Mer hunn e Waassernetz vu ronn 50 km an e Kanalnetz vu ronn 32 km.
Op der Ausgabesäit musse mer wierklech weider oppassen, datt et net zu enger Expansioun vun de Konsumkäschte kënnt, an dat d’Fonctionnementskäschten op Dauer net méi séier wuesse wéi de wirtschaftleche Wuesstem vum Land. Dëst Joer ass et eis gelongen, eis eege generéiert Käschten anzegrenzen, et si wierklech an eise Servicer ganz vill Efforte gemaach ginn, mir sinn awer iwwerzeegt, datt nach Spuerpotential dran ass, dee mer mussen an den nächste Méint ausloten, an dat an alle Servicer, an an alle Beräicher. Et sinn heiandsdo kleng Reorganisatiounen, déi ganz vill kënne bewierken, ob dat beim Akaf vu Schoulbicher oder Material ass, bei der Gestioun vu Kopiespabeier, bis hin zu enger méi «bewosster» Gestioun vun den Energien op eise Sportsterrainen an an eisen Halen, et j’en passe.
Et ass och ëmmer interessant e Vergläich ze maachen, wéi d’Forschette tëschent den uerdentlechen Einnahmen an den uerdentlechen Ausgaben evoluéiert huet, an da gesäit ee wat fir eng Entwécklung mer speziell an deene leschte Joren do matmaachen. Dëst Joer maachen déi uerdentlech «Dépensen» 94,22 % vun deenen uerdentleche Recetten aus, dat ass ganz vill, an dat ënnersträicht, dass de finanzielle Spillraum, dee mer als Gemeng zur Verfügung hunn, ëmmer méi schrumpft, och wann dat am Kont sech ganz oft nees relativéiert. Am Budget rectifié 2009 sinn et 90,14% an am Kont 2008 81,58 %, wat net méi esou favorabel ass a wat beweist, datt mer virsiichteg mat de Suen am ordinäre Service mussen ëmgoen.
Virsiicht muss elo weider ugesot bleiwen, déi onsécher konjunkturell Zukunft kann eis bis elo nach gutt Ausgangspositioun ganz séier a Gefor bréngen. Et sief just drop higewisen, datt eisen Iwwerschoss am ordinäre Budget just duergeet fir 15,41% vun eisen ausseruerdentlechen Investitiounen ze finanzéieren.
Fir d’Zukunft am A behalen, musse mer virun allem weider eis Käschten an der Administration générale, e Posten, deen an de leschte Jore lafend an d’Luucht gaangen ass, deen am Budget 2010 eng Steigerung vun 150.000 € ausweist, an dee sech insgesamt op 3,8 Mio € beleeft, wat par rapport zu allen uerdentlechen Ausgabe ronn 16,55% ausmécht.
Déi gesamt «Masse salariale», déi mer als Gemeng mussen droen, beleeft sech op 10,5 Mio €, dat si 45,87% vun eisen uerdentlechen Ausgaben, wat relativ héich ass fir eng Gemeng wéi Schëffleng. Et muss een awer wëssen, datt an deem Chiffer och eisen Undeel un de Gehälter vum Léierpersonal an enger Héicht vun 2,43 Mio € mat dran ass. Wa mer déi emol erausrechnen, da leie mer nach bei 35,27%. Dann ass et och esou, datt mer eng Rei vun Ausgabe wéinstens zum Deel kompenséiert kréien, sou datt mer eng Netto-Masse salariale hu vu 34,34% vun den uerdentlechen Ausgaben, d’Gehälter aus dem Enseignement wéi gesot, ausgeklammert. Et ass natierlech esou, wéi ech et schonn ugedeit hunn, datt dat Käschte sinn, déi mer quasi «imposéiert» kréien, op déi mer als Gemeng eigentlech wéineg Afloss hunn, à moins, datt mer se iwwert eng Kompressioun vun den Effektiver wéilten erofdrécken, wat natierlech dann awer och seng Auswierkungen hätt op d’Qualitéit vum Service, dee mer eise Bierger wëllen ubidden.
Et ass richteg, datt d’Masse salariale an de leschte Jore lafend an d’Luucht gaangen ass, an och dest Joer, wéi scho gesot, weider wäert klammen. Den Index, dee mer jo awer net, wéi anerer, wëllen a Fro stellen, schléit en halleft Joer zu Buch mat 2,5%, ech hu schonn drop higewisen, an dann däerf een déi normal Avancementer an de jeeweilege Carrièren net vergiessen, esou dass eleng doduerch déi hausintern Lounmass ëm 4% an d’Luucht geet. An da kënnt, wéi och scho gesot, den Enseignement nach dobäi. Mä och eis Effektiver sinn an de leschte Joren lafend ugepasst ginn, fir déi vill Erausfuerderungen, déi mer hu missen ophuelen, ze bewältegen. Wa mer virun 10 Joer nach nëmmen 100 Leit beschäftegt haten, da sinn et der haut 141.
En anert grousst Kapitel ass, wéi schonns gesot, dat vum Enseignement, deen eis och all Joer vill Geld kascht, an ech mengen dat guer net negativ. Mär spueren net, wéi an der Gemeng Lëtzebuerg, op Käschte vun eise Kanner. Ëm 300.000 € ginn d’Käschte vun 2009 op 2010 an d’Luucht a belafe sech op 5,61 Mio €, wat ronn 24,49% vun den uerdentlechen Ausgaben ausmécht. Dat ass natierlech en décke Batz, dee mer awer als Invest an eis Kanner solle betruechten. Bei enger Schülerzuel vu ronn 1.000 Kanner mécht dat en Invest vu ronn 5.610 € pro Kand aus. D’Maison relais kascht ronn 958.000 €, wat bei 135 ageschriwwene Kanner pro Kand ronn 7.100 € ausmécht. De Stat bedeelegt sech hei zu 75% un de Käschten, mä mir mussen alles virfinanzéieren, a mir musse laang op d’staatlech Participatioun waarden.
Eis Sozialleeschtunge maache ronn 1,15 Mio € aus, e Chiffer deen och vu Joer zu Joer klëmmt. Mir hunn dat jo am Kader vun der Diskussioun iwwert de Budget vum „Office social“ och scho gesinn. Och eisen Invest an eis Beschäftegungsinitiativen ass mat ronn 400.000 € substantiell. E Chiffer, deen an den nächste Jore riskéiert nach wäert ze klammen, wa mer kucken, wéi d’Situatioun um Aarbechtsmaart sech presentéiert. Et muss een awer och soen, dass do eng gutt Aarbecht am Intérêt vun der Allgemengheet gemaach gëtt.
Ronn 900.000 € investéiere mer an eis Sport- an Kulturinfrastrukturen, nëmmen um Niveau vum renge Fonctionnement, wat bei ronn 60 Veräiner an eiser Uertschaft e Chiffer ass, dee mer einfach mussen assuméieren. Datselwecht gëlt och fir eis „Piscine“, déi trotz Moderniséierung an Taxenupassung virun e puer Joer, weider «déficitaire» bleift, bei geschätzte Recettë vun 110.000 € an Dépensë vun 800.000 €, wat eng Couverture ass vu knapp 13,75%. D’Piscine huet natierlech och eng sozial Funktioun, déi vill Leit an Usproch huelen an déi och e Stéck Liewensqualitéit an eiser Uertschaft duerstellt.
Ech wëll dann och nach dobäifügen, dass mer nach vill aner Servicer an eiser Gemeng ubidden, déi och alleguer e Stéck Liewensqualitéit bedeiten oder enger gesellschaftlecher Noutwendegkeet entspriechen. Ob dat de Ruff-Bus ass, oder de Club Seniors, oder eis Opfangstrukture fir Kanner, Benjamin-Club a Maison Relais, de Repas-sur-roues-Déngscht an nach vill anerer, alles Uegebueter, déi net méi ewechzedenke sinn, déi awer net gratis sinn an all hire Präis hunn.
E Wuert och nach zu de Gemengesyndikater, deenen hir Chargen eis och all Joer am Budget belaaschten. An 10 Syndikater si mer Member, an déi 10 Syndikater kaschten eis am Joer 2010 viraussiichtlech 1,8 Mio € (7,89% vun den uerdentlechen Ausgaben), wou den TICE an d’Ëmweltsyndikater deen déckste Batz ausmaachen. Wann een natierlech Member an engem Syndikat gëtt, da muss een och déi finanziell Konsequenzen dovun droen. Et muss een awer och unerkennen, dass mer vun deene Syndikater héichwäerteg Déngschtleeschtungen ugebuede kréien.
Da wollt ech awer och nach e Wuert soen zur weiderer Entwécklung vun eiser Gemengeschold. Mir hunn dëst Joer, wéi scho gesot, keen Emprunt missten aschreiwe fir eis Investissementer finanziell ofzesécheren an de Budget an d’Gläichgewiicht ze kréien. Mir wëssen, dass mer bei groussen Investissementer net laanscht en Emprunt kommen, mir hunn awer versicht dëst Joer do derlaanscht ze kommen, fir eis eng Otempaus ze gënnen. Viraussetzung ass natierlech, dass déi staatlech Subventioune wéi versprach erakommen. Sollt dat net de Fall sinn, hu mer d’Méiglechkeet ze reagéieren, wann et misst sinn. Dat gesi mer dann am Laf vum Joer.
Vun 1982 bis 1998 huet eis Gemeng net bräichten op en Emprunt zréckzegräifen, ganz einfach well an dëser Period keng grouss Investissementer getätegt gi sinn. Hätte mer vun do u keen neien Emprunt opgeholl, géife mer haut ouni Schold do stoen, mir hätten awer och net déi «Plus-Value» fir eis Gemeng geschaf, wéi mer dat an deene Joren no 1998 gemaach hunn. Ech denken z. B. un den Assainissement vum gesamte Kanalnetz, de Bau vum neien Interventiounszenter an eise Regiebetriber, de Bau vun der Nelly-Stein-Schoul, d’Moderniséierung vun der Piscine, de Centre Seniors, d’Albert-Wingert-Schoul asw.
Sou beleeft eis Schold sech de Moment op 34,67 Mio €, fir da bis zum Enn vum Joer 2010 op 32,47 Mio € erofzegoen, bei Annuitéite vun 10,52% vun den uerdentlechen Einnahmen an 11,18% vun den uerdentlechen Ausgaben, wat wuel eng Belaaschtung fir eise Budget duerstellt, awer nach ëmmer gutt am grénge Beräich läit.
D’Pro-Kapp Verschëldung läit haut bei 3.931 € bei enger Populatioun vun 8.800 Awunner a kéint also bis zum Enn vum nächste Joer op 3.608 € erofgoe bei estiméierten 9.000 Awunner, wann d’Entwécklung de Budget suivéiert.
Léif Kolleginnen a Kollegen,
Et wier ganz sécher nach ganz vill zu dësem Budget ze soen, ech wëll et awer heibäi emol einstweile beloossen. Ech wëll zum Ofschloss just nach eng Kéier betounen, datt dëse Budget esou realistesch wéi méiglech opgestallt ass, a vun der Virsiicht geprägt gëtt mat dem «But» eis Finanze weider ze konsolidéieren en attendant déi weider konjunkturell Entwécklung, en attendant awer och d’Finalisatioun vun deene ville Projeten, déi mer entaméiert hunn.
Als Schäffen- a Gemengerot ass et och an deenen nächste Joren eis Aufgab dofir ze suergen, datt eis Bierger och weiderhin an enger moderner a leeschtungsstaarker Gemeng wunnen. Dofir muss weider geschafft ginn, well de Stëllstand ass jo bekanntlech den Ausstieg aus dem Fortschrëtt!
Mir mussen eis uerdentlech Ausgabe stänneg opmierksam kontrolléieren, a gläichzäiteg probéieren, mat alle Méiglechkeeten, déi et ginn, d’Einnahme permanent ze steigeren.
Mir probéieren nei Betriber an eis Gemeng ze kréien, wat och gläichbedeitend mat neien Aarbechtsplazen ass.
Duerch all des Moossnahmen wäert et eiser Gemeng och weiderhi méiglech sinn, d’Erausfuerderunge vun deene nächste Joren op sech ze huelen. Mat deene Moyenen, déi mer zur Verfügung hunn, sinn ech och iwwerzeegt, dat eis dat wäert zur Zefriddenheet vun all de Bedeelegte geléngen.
Dëse Budget soll och e Budget vun der Solidaritéit sinn. Mir wäerten op jidde Fall och do si fir all déi, déi am Laf vum Joer, opgrond vun der economescher Entwécklung an eisem Land eis Hëllef wäerte brauchen. Eis Taxenerhéijunge wäerte mer sozial offiederen.
Ofschléissend wëll ech soen, dass mer als Schäfferot all Conseiller transparent an informativ Dokumenter virgeluecht hunn, déi eng objektiv a fundéiert Diskussioun vun dem Budget erméigleche missten.
Ech géif Iech Merci soen, datt der esou brav nogelauschtert hutt, verbonne mam Wonsch, datt mer et fäerdegbréngen de «Budget», dat wichtegst Dokument an enger Gemeng, ouni Emotiounen, sachlech, objektiv, mat der néideger intellektueller Éierlechkeet an ouni Polemik ze diskutéieren. Fir all Froen déi des Kritären erfëllen, stinn ech an d’Kollegen aus dem Schäfferot de nächste Freideg selbstverständlech zur Verfügung.
|