04.11.2020

Projet: « Collectif au carre »

“ Collectif au carre” ass een interkulturellen an intergenerationelle Projet, deen d’Associatioun Mamie et Moi den 1. Oktober 2020 ugefaangen huet, mat der Ënnerstëtzung vum Familljeministère an an Zesummenaarbecht mat zwee Muséeën an der Stad.

De Projet besteet doraus eng XXL Kopie vum impressionisteschen Tableau « La petite histoire » vum lëtzebuergesche Moler Corneille Lentz, deen an der Villa Vauban ausgestallt ass, ze strécken.

Dës Reproduktioun wäert aus 5 op 5 cm klenge gestréckte Véierecker bestoen, déi vun den Awunner aus dem Grand-Duché vun doheem aus gemaach goufen. Eemol wéi e Puzzelstéck zesummegesat, weisen sie d’Bild op eng « aner » Manéier.

D’Schëfflenger CLUB HAUS BEIM KIOSK ass och mat dobäi. Wann Dir beim Projet matmaache wollt, da kenn Dir Iech bei hinne mellen.

Méi Informatioun iwwer de Projet fannt Dir op der Websäit  bei Mamie et Moi.