09.02.2024

Photo-Club Déifferdeng – Concours

De Photo-Club Déifferdeng organiséiert e klenge Photo-Concours fir d’Süd-Gemengen.

An deem Kader gëtt och eng Ausstellung am Espace H2O zu Déifferdeng op d’Been gestallt.

Dëst ass e Print-Concours fir de Grand Public, bei deem d’Auteuren déi schéinste Plazen aus hirer Gemeng kënne presentéieren. Jiddereen däerf matmaachen. D’Umeldung ass gratis.

Hei fannt Dir d’Reglement fir de Concours an hei nach weider Informatiounen.