17.01.2019

Gesond iessen – méi beweegen

Ënnert dësem Motto stoung eng ganz interessant Matinée am Club Haus beim Kiosk.

All Joer geet an eise Schoulen eng Gesondheetswoch organiséiert. Wärend engem Moien organiséiert d’Schoulpersonal zesumme mat eiser Schoulinfirmière Christiane Zacharias-Hansen e gesond Moiesiessen. Op eng flott Manéier kréien d’Kanner gewise wéi a virun allem wat si moies sollen iessen fir fit an den Dag ze starten.

    

Awer net nëmmen di Jonk sollen duerch eng gesond Ernährung fit bleiwen – méi och déi manner Jonk kënne sech mat e puer einfachen Tricke méi gesond iessen an a Kombinatioun mat Beweegung esouguer eng ganz Rei vun Krankheeten opschuppen oder esouguer ganz verhënneren.

E Freiden, den 11. Januar hat d’Christiane Zacharias den Interesséierten fir d’éischt eng kleng theoretesch Aféierung mat all den néidegen Erklärungen ginn éier zesummen de Kaffisdësch preparéiert ginn ass. Duerno hunn si sech an enger gemittlecher Ronn de „Kaffi“ gutt schmaache gelooss.