11.07.2017

Genial, sensationell, phenomenal….

onwahrscheinlech, einfach fantastesch  daat sin ëmmer erem dei selwecht Wieder dei an der geschriwwener Press an an de soziale Medien ze liese sin an daat net nëmmen an der  lëtzebuergescher Press, mä och an den internationale Medien.

De Gilles Müller huet den 10.07.2017 mat sengem Gewënn iwert 5. Sätz géint d’Nummer 2 vun der Weltranglëscht Rafael Nadal e grandiose Match geliwwert a domat lëtzebuergesch Tennisgeschicht geschriwwen.

Ganz Lëtzebuerg huet dem Mulles Daumen gedrëckt an d’Nerve sin ferm strapazéiert gin eier no 4 Stonnen an 48 Minutten  d’Sensatioun perfekt wuar.

E Commentaire op RTL.lu huet et op de Punkt bruecht: D’Häerz vum Lëtzebuerger Sport schléit zu Schëffleng: Muller, Ben, Miré……

dest sin alles Schëfflenger Jongen a grouss Sportler. Jongen mär sin stolz op iech.

Elo heescht et awer weider Daumen drëcken. E Mëttwoch steht de Gilles an der ¼ Finale vu Wimbledon an do heescht sein Géigner Marin Cilic aktuell Nummer 6 op der Welt.