10.12.2018

Gelongen Seniorefeier

Den 7. Dezember hat de Schäfferot an d’Seniorekommissioun all Schëfflenger Rentner op hir traditionelle Seniorefeier invitéiert.

       
Dëst Joer war Seniorefeier allerdéngs alles anescht ewéi traditionelle. D’Seniorekommissioun wollt e neien Wee goen an de Leit net nëmmen e flotten a gesellegen Nomëtten bei Kaffi a Kuch ubidden, neen si hunn sech dem Challenge gestallt an den Senioren e Mëttegiessen zerwéiert. D’Seniorekommissioun huet sech deier grousser Erausfuerderung gestallt an zesummen mat den Gemengeresponsabelen zanter de Summerméint intensiv un der Organisatioun geschafft.

Mam „Apérotime“ ass dëse flotten Dag agelaut ginn, éier géint 12.30 Auer d’Iessen vun den Memberen vun der Seniorekommissioun zerwéiert ginn ass.

De President vun der Seniorekommissioun, Pierrot Feiereisen, an de Buergermeeschter, Paul Weimerskirch hu sech an hire jeeweilegen Rieden erfreet gewisen, dass trotz dem „Experiment“ vill Senioren dem Opruff gefollegt sinn an hunn all den Acteuren déi zum geléngen vun der Seniorefeier bäigedroen hunn e grousse Merci gesot.

Fir den musikaleschen Encadrement hun „Les Gavroches“ gesuergt.