30.04.2018

Gedenken un d’Schmelzaarbechter

All Joer gëtt de Schmelzaarbechter kuerz virum 1. Mee geduecht. Fir dës Traditioun setzt sech d’Amicale vun de Schmelzaarbechter säit enger ganzer Partie Joren an. Och dëst Joer haten sech Vertrieder vun der Gemeng, Associatiounen a Gewerkschafte souwéi Membere vum Schäffen- a Gemengerot virum Gedenksteen, bei der Cité um Benn zesummefonnt, fir de Schmelzaarbechter ze gedenken. Sou gouf an enger klenger Zeremonie, de 27. Abrëll 2018 eng Gerbe virum Gedenksteen néiergeluecht.

De René Mackels, Präsident vun der Amicale vun de Schmelzaarbechter, wei och de Vertrieder vum OGBL, Alain Günther a vum LCGB, Robert Lepidi hunn an hire Riede betount wei wichteg et ass dës Traditioun an d’Gedenken un d’Schmelzaarbechter oprecht ze erhalen. Zemools well d’Zäitzeien aus dëser Epoque lues a lues ausstierwen, wier et wichteg, dass duerch Vereenegunge wei d’Amicale vun de Schmelzaarbechter an d’Amicale vun de Schëfflenger Kolonien dësen Deel vun der Lëtzebuerger Geschicht lieweg bleift.

Dëse Wieder huet sech de Buergermeeschter Paul Weimerskirch ugeschloss. “D’Schmelzaarbechter waren d’Basis an d’Wuerzel vun eiser ekonomescher Entwécklung, jo vun eisem Wuelstand”, sou de Paul Weimerskirch. Hien huet der Amicale e grousse Merci ausgeschwat, dass si sech säit 15 Joer dofir asetzt fir dës Zeremonie, am Virfeld vum 1. Mee, bei dësem Gedenksteen ofzehalen.