14.09.2023

Sk8ing Girls 2023

Den 30. September ass et erëm esou wäit! De Sk8ing Girls ass zeréck a bitt ewéi gewinnt nees vill sportlech a kënschtleresch Aktivitéiten:
Skateboarding, Longboarding, Gender Game, Yoga, Upcycling, Sérigraphie, Kleedertausch, asw.

Wann Dir also e flotten Nomëtteg mat Musek, Demonstratiounen a gudder Laun verbrénge wëllt, da kommt laanscht a maacht mat:
Den 30.09.2023 vun 12.00 bis 18.00 Auer am Schëfflenger Skatepark (Biergemer Wee).

D’Aktivitéite sinn op fir jiddereen, Meedercher a Jongen, jonk oder jonk-bliwwen, vun Ufänger bis Profi.
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.

« Sk8ing Girls » gëtt am Kader vum Internationale Meederchersdag (11. Oktober) organiséiert an et geet an éischter Linn drëms fir de Skateboard, e Sport dee vun de Männer a Jongen dominéiert gëtt, och bei de Meedercher méi bekannt ze maachen.

Video Sk8ing Girls 2021

Kommt laanscht an traut Iech matzemaachen!