23.12.2019

Formatioun Animateur A

25/26.01 + 08/09.02 + 07.06

 

Wann s du am Alter tëschent 18 an 30 Joer bass a lëtzebuergesch schwetze kanns, erméiglecht Dir des Formatioun herno als Animateur oder Animatrice un Vakanzenaktivitéite fir Kanner a Jugendlecher deel ze huelen. Zesumme mat de Responsabele kanns du dann Attraktivitéiten organiséieren, duerchfeieren a begleeden.

Du kriss des Formatioun vum Service national de la jeunesse zertifiéiert, no dem s du un deenen 2 Weekender an um Teamdag deelgeholl hues an 2 Deeg Mini-Stage am Schëfflenger Jugendhaus absolvéiert hues.

Déi 2 Weekender si mat Iwwernuechtung (eventuell och dobaussen), si fënnt zu Schëffleng an Ëmgéigend statt.

Wärend der Formatioun schaffs Du un deene folgende Schwéierpunkten:
– Altersgerechten Encadrement vu Kanner a Jugendlechen
– Spiller fir Kanner a Jugendlecher
– Risiken a Sécherheet, Éischt Hëllef

– mat Konflikter ëmgoe kënnen
– Roll als Animateur, als Virbild fungéiere kënnen
– gesond Iessen
– Handlungsméiglechkeeten a verschiddene Situatiounen
– déi aner Animateuren, mat deenen dass Du wäerts schaffen, kenneléieren a mat hinnen am Team geschafft hunn
– vertraut si mat den Aktivitéiten, déi an deem jeeweilege Joer ugebuede ginn

Umeldung bis den 18. Januar direkt am Schëfflenger Jugendhaus oder op