22.06.2017

Flott Ausstellung vun eise Schoulkanner

Et ass schon eng Traditioun dass Kanner aus dem Cours „Art à l’Ecole“ ënnert der Leedung vun der Mme Nicole Huberty hir Konschtwierker an der Galerie d’Art vum Syndicat d’Initiative ausstellen.

Während dem leschte Schouljoer hun die 32 Kanner fläisseg gemoolt a gebastelt fir eng flott a faarfefrou Ausstellung hiren Elteren a Schoulkollege presentéieren ze kënnen.

Am Kader vum Vernissage den 16.06.2017, konnten d‘ Gemengevertrieder,  d’Elteren,   Grousselteren an d’Léierpersonal sech e Bild iwwert die geleeschten Aarbecht maachen.

De Buergermeeschter Roland Schreiner a seng zwee Schäffe Paul Weimerskirch a Carlo Feiereisen hun der Madame Huberty Merci gesot fir hiert grousst Engagement awer och de Kanner e grousse Luef ausgeschwat.