04.04.2017

Télévie 2017

De Schäfferot an Kënschtlerin Mireille Fischer haten e Freiden, den 31.03.2017 op de Vernissage vun enger ganz flotter Konschtausstellung invitéiert, deier hiren Erléis integral un d’Aktioun „Télévie“ gespent gëtt.

Ganz vill Leit haten de Wee an d’Galerie d’Art vun Syndicat d’Initiative fonnt a waren begeeschter vun den Konschtwierker di ausgestallt goufen.

Folgend Kënschtler stellen nach bis den 9. Abrëll aus:

Art Libre

Atelier Kléiblat

Club Haus beim Kiosk

Dany Jacoby-Bausch

Elsa Gengler

Joëlle Calisti

Kanner vum Kur « Art à l’école »

Marcel Bombardella

Mireille Fischer

Robert Kieffer

Schëfflenger Kannerheemer

D’Ausstellung ass all Kéier vun 15.00 bis 19.00 Auer op.

Kënschtler soen iech elo schonn en decke MERCI fir är Besuch vun der Ausstellung.