01.12.2022

Table Ronde ‘Haislech Gewalt – de Wee eraus’

Am Kader vun der Orange Week 2022 huet de Schäfferot den 1. Dezember op eng Table Ronde zu engem wichtegen Thema invitéiert. Haislech Gewalt ass weiderhi ganz present an eiser Gesellschaft an et ass wichteg Opklärungsaarbecht ze leeschten an ze sensibiliséieren. Fir dës Editioun vun der Orange Week wollt d’Chancëgläichheetskommissioun sech net nëmme mat der Fro beschäftegen, wat haislech Gewalt ass, mee huet de Fokus vun der Soirée op ‘de Wee eraus’ geluecht. D’Participante vun der Table Ronde sinn deemno de Froen nogaangen, wisou et den Affer schwéier fält, sech Hëllef ze froen an sech aus dem gewalttätege Milieu ze léisen. Si hunn d’Hürden opgewisen an no Verbesserungsvirschléi gesicht. An net zulescht konnten  d’Bierger hier Froe stellen a kruten Informatiounen doriwwer, wat all eenzele konkret ka maache fir ze hëllefen.

No der Begréissung vum Här Buergermeeschter Paul Weimerskirch an a Presenz vun de Membere vum Schäffen- a Gemengerot esou ewéi der Chancëgläichheetskommissioun an enger ganzer Rei Interesséierter huet d’Madamm Manon Zoetaert duerch den Owend gefouert. Invitéeë vun der Soirée waren:

Madamm Andrée BIRNBAUM – Directeure générale vun der ‘Femmes en Détresse a.s.b.l.
Maître Valérie DUPONGBâtonnière sortante vum « Ordre des Avocats du Barreau de Luxembourg » spezialiséiert am Familljerecht
Madamm Anne METZLER – Member vum Conseil d’administration vun der Taboo a.s.b.l.
Här Guy OVERMANN – Commissaire en chef vun der Police Grand-Ducale, Direction Régionale E/A – Präventiounsbüro

Als Merci kruten si en Drock vum Visuell, deen d’Illustratrice Snejana Granatkina am Optrag vun der Gemeng fir d’Orange Week 2021 designt hat. Dës Weidere mécht d’Gemeng en Don un déi eenzel Associatiounen.

Wien d’Soirée verpasst huet wäert deemnächst de Video kënnen an eiser Galerie kucken.

D’Orange Week fënnt all Joers am Kader vum internationalen Dag géint d’Gewalt u Meedercher a Frae statt a gëtt ob nationalem Niveau vum Conseil nationale des Femmes du Luxembourg. Nach bis den 10. Dezember fannen am ganze Land Sensibiliséierungscampagnen an -Eventer statt. De ganze Programm fannt Dir um Site vum CNFL.

Fir Är Solidaritéit mat den Affer ze weise kënnt Dir och weiderhin nach bis den 10. Dezember gratis orange Käerzen an den Accueil vun der Gemeng siche kommen.

Wann Dir selwer Affer vun haislecher Gewalt sidd oder eng Persoun kennt, déi an deem Fall ass, da kënnt Dir Iech op der nationaler Helpline mellen.