19.08.2019

Streikgedenkfeier

Zesumme mat de lokale Resistenz- a Krichsafferorganisatioune vu Schëffleng an der Personaldelegatioun vum Site Esch-Schëffleng vun Arcelor Mittal  gedenkt d’Gemengeverwaltung e Samsden, den 31. August 2019 un

de 77. Joresdag vum Generalstreik vun 1942

 

a bied all lokal Veräiner un dësen offizielle Feierlechkeeten ze participéieren.

De Schäfferot seet Iech villmools Merci.

Paul Weimerskirch, Buergermeeschter      

Albert Kalmes, Schäffen                    

Marc Spautz, Schäffen

Carlo Lecuit, Schäffen

Programm:

17.50 Auer:

Rendez-Vous beim Monument op der Fräiheetsplaz virun der Gemeng.

18.00 Auer:

Allgemeng Gedenkminutt beim Erschale vun de Sireenen. Néierleeë vu Blummen beim Monument.

Duerno:

Séance académique an der Salle Grand-Duc Jean