18.10.2018

Sk8ing Girls

Du hues tëschent 12 an 30 Joer? Du interesséiers dech fir Skateboarding, du géifs gäre bei eise Workshops matmaachen (Skateboarding, Graffiti, Upcycling, …) oder einfach e flotten Nomëtteg verbréngen?

Da komm den 20. Oktober 2018 ab 13.00 Auer an de Schëfflenger Skatepark!

« Sk8ing Girls » gëtt aus Ulass zum Internationale Meederchesdag organiséiert an et geet drëms fir de Skateboard bei de Meedercher méi bekannt ze maachen. D’Aktivitéite sinn op fir jiddwereen, Meedercher a Jongen, ob méi laang Aktiver oder Ufänger an Ufängerinnen.

  Flyer