22.11.2021

Bicherdeeg – Semaine du Livre

Dir sidd e richtege Bicherwuerm oder dir hutt Kanner déi vum Liese begeeschtert sinn, da verpasst net d’Bicherdeeg zu Schëffleng.

Vum 29. November bis den 03. Dezember ginn an der Salle Grand-Duc Jean, an der Gemeng, Bicher fir Grouss a Kleng ausgestallt a verkaf.

Mir géingen eis freeë wann dir bis laanscht luusse kommt.

 

D’ Ausstellung ass während folgenden Auerzäiten op:

Meindes: vun 08:30 – 11:30 a vun 14:00 – 16:30 Auer

Denschdes bis Donneschdes: vun 08:30 – 11:30 Auer a vun 14:00 – 18:00 Auer

Freides: vun 08:30 – 11:30 Auer a vun 14:00 – 17:00 Auer

 

Dest ass e CovidCheck Evenement!