23.07.2019

European Peoples’ Festival 2019

Et ass nees esou wäit. Vum 27.07 bis den 3. August steet Portugal am Mëttelpunkt vun Europa.

Wéi gewinnt vertrëtt d’Gemeng  Schëffleng eist Land och dëst Joer nees um „European Peoples‘ Festival“.

E Freiden, de 26. Juli fält de Startschoss an eng 45 Leit maachen sech mam Fliger op de Wee Richtung Porto. No enger Iwwernuechtung geet et weider mam Bus op Cantanhede wou e Samschden am Laf vum Dag Delegatiounen aus 15 verschiddene Länner ukommen.  E Sonnde fänkt de Festival dann offiziell un. De genaue Programm vun der ganzer Woch fann Dir um Enn vun dësem Bericht.

Am Laf vun der Woch schéckt eis Delegatioun eis nees flott Fotoe mat engem klengen Tëschebericht dee mer gären hei op eiser Säit publizéieren.

Mär wënschen eiser Equipe vun dëser Plaz elo scho BONNE CHANCE a sinn iwwerzeegt,  datt nees eng Plaz ënnert den TOP 5 erausspréngt.