23.07.2018

Eurofestival 2018

European Peoples’s Festival 2018 vum 21.-28 Juli a Litauen

All Dag informéiert eis de Steve Parisot iwwert d’Evenement zu Radviliskis. Fir d’Foto’en ass de Romain Thorn zoustänneg. Mär soen hinnen elo schonn e grousse MERCI fir hir Berichter.

       1.Dag (21.07)

No enger ustrengender a laanger Rees, ass eis Schëffleng Delegatioun gutt zu Radviliskis a Litauen ukomm. No der ganz häerzlecher Begréissung konnte mär eis Quartéier bezéihen, wou mär all zesummen an enger Schoul ënnerbruet sinn. Ganzer 26 Stonne waren déi zwee Leit mat der Camionnette an dem Material ënnerwee.

Eleng d’Urees war schonn eng Aventure.

       2.Dag (22.07)

En Sonnden de Moien war déi offiziell Ouverture wou sech een Deel vun der Schëfflenger Delegatioun op de Wee gemaach huet fir un der Mass deelzehuelen.

Deen aneren Deel war währenddeem ganz fläisseg an huet de Stand opgeriicht an dekoréiert.Géint 15.00 Auer war de Startschoss fir den Ëmzuch duerch Radviliskis.

Bis elo ass alles reiwungslos iwwert d’Bühn gaangen a mär kennen dem Organisateur nëmme felicitéiere fir déi gutt organisatoresch Aarbecht déi si bis elo geläscht hunn.

E Méinde gëtt et dann mäi seriö, wann déi sportlech Kompetitiounen ufänken.

                                                                                                         

      3. Dag (23.07)

Den 3ten Dag hunn mär déi éischt Punkten fir Schëffleng gewonnen.

Pétanque

Eis Petanque Spiller hunn ewéi gewinnt d’Feld dominéiert a stoungen géint eis franséisch Noperen an der Finale, déi si dann och verdéngt gewonnen hunn.

Basket

Eis Basketequipe huet et och an d’Final gepackt. Hei hunn si géint eng staark litauesch Equipe alles misse ginn fir no engem spannenden Match déi nächst  Punkten mat Heem ze brénge.

                

Kachequipe

Eise lëtzebuerger Stand kënnt bei de Leit gutt un a gëtt Affer vu sengem  eegenen Succès. Bouneschlupp, Kniddelen mat Speck a Gromperekichelcher stinn um Menü an eis Kachéquipe huet all Hänn voll ze dinn.

                         

Mär sinn ganz gespaant wéi d’Jury eis lëtzebuerger Spezialitéiten bewäert.

Méi dozou an deenen nächsten Deeg.

    4.Dag (24.07)

Schwammen

No engem spannenden Dag hunn sech eis Schwëmmer bewisen an hunn déi 1. Platz gemaach.

                                                                                                          

Beachvolleyball

Beachvolleyball Spiller hunn sech och gutt drun ginn a sinn op 4.Platz komm.

E grousse Merci geet awer och un d’ Musek well si ënnerstëtzen eis Sportler mat gudder Stëmmung.

Stroossentheater

Eise Stroossentheater ass och wei bis elo alles aneres och gutt bei de Leit a bei der Jury ukomm.

    5.Dag (25.07)

Haut ass den Dag vum Erhuelen a Kraaft sammele vir déi nächst spannend Deeg.

    6. Dag (26.07)

Eis Fussballequipe hat leider en groussen Ausfall dofir sinn si op déi lescht Platz gefall.

Enttäuschung war deementspriechend grouss.

    7. Dag (27.07)

Eise Fotograf de Romain Thorn huet eng gutt Leeschtung hannerluet an huet déi 1. Platz kritt.

Last but not least et gëtt och eng gutt Noriicht :  Am Generalklassement hunn mir déi 1. Platz beluet.

Mir felicitéieren eisem Team vir déi super Leeschtung. BRAVO !