24.05.2019

Eng Planz fir all neigebuerene Schëfflenger

Et ass mëttlerweil eng Traditioun hei zu Schëffleng datt de Schäfferot jidder Neigebuerene, wann d’ Elteren dat wëllen, e spezielle Cadeau mecht, dest a Form vun engem Uebstbam oder Uebststrauch.

            

Mat dësen an aneren Aktiounen sinn am Laf vun deenen leschten 20 Joer iwwer 1.000 Uebstbeem hei zu Schëffleng geplanzt ginn. Well et de Gemengeresponsablen awer och wichteg schéngt datt net nëmmen ob de Gemengeflächen Uebstbeem a –Sträich geplanzt ginn, mä och bei de Leit doheem. Dofir krueten d‘Famillen hiren Uebststrauch mat heem oder konnten hire Strauch op der Spillplaz an der  “Cité Paerchen” planzen.

                            

D’ lescht Joer sinn 124 Kanner gebuer ginn an 35 Famillen sinn den 23. Mee 2019  dem Opruff nokomm an hunn sech bereet erkläert e Strauch ze planzen. Hinnen all e grousse MERCI.

„Nous n’héritons pas de la terre de nos parents,
nous l’empruntons à nos enfants“

Dëst Zitat vum Antoine de Saint-Exupéry soll eis ze denken ginn wéi mär mat eisem Planéit ëmginn. Dat geet eis all eppes un, souwuel jidder eenzelnen wéi och eis als Gemeng.