23.02.2018

Eise fréieren Gemengesekretär Victor de Bourcy huet Gebuertsdag gefeiert

Den de Bourcy Vic, wei hie genannt gëtt, ass ville Schëfflenger Leit e Begrëff. Den 22. Februar 2018 huet hie bei gudder Gesondheet sein 95sten Gebuertsdag konnte feieren.

Zanter senger Gebuert 1923 zu Schëffleng ass hien ëmmer mat eiser Uertschaft verbonne bliwwen.

Hien war vum 01.06.1970 – 31.03.1980 Gemengesekretär an huet beim Antrëtt an seng wuelverdéngten Pensioun den Titel vum „secrétaire communal honoraire de la commune de Schifflange“ kritt.

1949 huet hien sech mam Léonie Boever zu Schëffleng bestuet, di och zu Schëffleng op d’Welt komm war, éier si 1994 hire Mann an hir 2 Kanner, d’Christiane Weynandt-de Bourcy an den Dr Gaston de Bourcy, fir ëmmer a vill ze fréi verlooss huet.

5 Enkelkanner hu si him geschenkt awer säi ganze Stolz ass seng kleng Urenkelin Emma.

De Buergermeeschter Paul Weimerskirch, d’Schäffen Marc Spautz, Albert Kalmes a Carlo Lecuit,  hunn dem Jubilar di allerbeschten Gléckwënsch vun der Gemeng entgéint bruecht an sech fir a 5 Joer ugemellt, wann um Gebuertsdagskuch 100 Käerzen stinn.

Dëse Wënsch hunn sech natierlech d’Vertrieder vun der Seniorenkommission an dem Syndicat d’Initiative ugeschloss.