26.06.2017

E Schëfflenger Jong fiert mat am Tour de France!

Den 26.06.2017 ass Confirmatioun komm, dass de Ben Gastauer vu senger Equipe AG2R nominéiert ginn ass fir bei der „Grande Boucle“ 2017 dobäi ze sinn.

Den 1. Juli fänkt den Tour de France zu Düsseldorf un a kënnt no 21 Etappen  den 23. Juli no 3.540 km zu Paräis un.

Wie gewosst fiert den Tour de France den 3. Juli duerch d’Land an och duerch Schëffleng.

Mär ginn ALL de Schëfflenger Leit den 3. Juli RdV am Duerf fir de Ben unzeféieren.

De Passage vun der „caravane publicitaire“ ass géint 14.45 Auer an tëschent 16.22 -16.45 Auer kënnt Course.

Ben mär si stolz op dech an drécken där ganz fest Daumen