01.08.2018

E puer impressionnant Biller vun der Mounddäischtert

D’Observatioun vun der Mounddäischtert, den 27. Juli 2018, war jo am Land op Grond vun de Wolleken, déi sech Nuets afonnt hunn, net einfach. An eise Nopeschlänner konnt jo eng quasi perfekt Mounddäischtert erlieft ginn.  Op ville Plazen hei am Land, wou Leit sech versammelt haten, war et jiddefalls oft net evident. Mam Teleskop ass et trotzdeem zäitweis gaangen. Eise Matbierger Roby Kieffer huet ons dës Biller, déi zu Schëffleng realiséiert gi sinn, zougestallt. Merci dem Här Kieffer, datt mir dësen Himmelsspektakel, deen bal zwou Stonne gedauert huet, op de Biller kënne novollzéien. Déi nächst Mounddäischtert ka kommen. Allerdéngs musse mir laang waarden.