21.09.2017

E Certificat fir déi nei Wieler

An zwou Woche sti d‘Gemengewalen virun der Dier. Fir eng ganz Partie Leit ass dëst déi éischte Kéier, dass si hier Stemm ofginn. All Neiwieler gouf zu dëser Occasioun e Mëttwoch, den 20. September 2017 vum Schäfferot  an d’Salle Grand-Duc Jean vun der Gemeng invitéiert.

Während enger klenger Feierstonn kruten si aus den Hänn vum Buergermeeschter Roland Schreiner an de Schäffen Paul Weimerskirch a Carlo Feiereisen  hire „Certificat d’électeur“ iwwerreecht. Dëse Certificat ass en symbolesche Geste fir déi nei Wieler ze begréissen.

Invitéiert an en Certificat iwwerreecht kruten all Jonker, déi nom Referendum vum 7. Juni 2015 hiert 18. Liewensjoer erreecht hunn, esou wei all auslännesch Matbierger aus der Gemeng, di sech fir d’Walen ageschriwwen hunn oder mëttlerweil déi lëtzebuergesch Nationalitéit kritt hunn.

D’Salle Grand-Duc Jean war dësen Owend gutt gefëllt. Ronn 100 Leit hunn hire Certificat e Mëttwoch den Owend mat Freed entgéint geholl. No der offizieller Iwwerreechung gouf dunn nach e Patt gedronk a villäicht och schonn iwwert déi kommend Walen diskutéiert.