06.11.2019

DVD Télévie 2019

2019 war d’Gemeng Schëffleng bekanntlech « Centre de Promesse » vum Télévie 2019.

Vill fir net ze soe ganz vill Aktivitéite si wärend de Méint Oktober 2018 bis Mee 2019 vun eise Veräiner mä awer och vu Privatpersounen organiséiert gi fir esou Geld fir d’Kriibsfuerschung ze sammelen.

Eis Kollege vun der AMCIS ware wärend dësen 8 Méint vill ënnerwee fir all Aktivitéit am Bild festzehalen. Doraus sinn zwou DVD’en entstanen  déi e flotte Réckbléck weisen.

Op der éischter DVD sinn haaptsächlech Andréck vun de sëllechen Organisatiounen ze gesinn, wärend op der zweeter DVD de groussen Télévie Weekend hei zu Schëffleng dokumentéiert geet.

Gäre kenn Dir des DVD fir 25€ op bei der AMCIS bestellen (Kontosnummer: CCPL  LU21 1111 2547 0075 0000).  Och d’Suen déi iwwert dësen Verkaf erakomme spenden d’AMCIS un den Télévie.

Kollege vun der AMCIS soen am viraus VILLMOOLS MERCI