28.05.2018

D’Noperschaft feieren

Och dëst Joer goufen d‘Noperschaften um Dag vun der „fête des voisins“ gefeiert. Eng ganz Partie Stroossen duerch ganz Schëffleng hunn dëst Joer matgemaach an hunn sech mat hiren Noperen zesummegedoe fir e flotten a lëschtegen Owend ze verbréngen. Hei hunn sech Jonk an manner Jonk getraff, Lëtzebuerger a Net-Lëtzebuerger an flott Stonnen zesumme verbruecht.  Nieft dem Austausch vun kulinareschen Spezialitéiten war et och eng gutt Geleeënheet d’Noperen aus verschidden Länner an Kulturen kennenzeléieren.